Neies vun der Elterevereenegung

Worldcafé "Bildungspraxis um Kiemel"
2017-04-01An de folgenden Dokumenter krët dër een Abléck an d'Auswertung van eisem 1. Worldcafé zum Thema "Bildungspraxis um Kiemel".
D'Organisatoren vam Worldcafé deelen dann na Folgendes mat:
- Die Arbeitsgruppe bedankt sich bei allen Teilnehmern für das Interesse und die Beteiligung am Projekt "Bildungshaus".
- Die Ergebnisse aus dem Workshop werden in die inhaltliche Vorbereitung der nächsten Workshops einfließen.
Sollt dër eech also o fir d'Zukunft van dër Schoul "Um Kiemel" intresséiren, dann vill Spaass beim Liäsen a bleiwt o an Zukunft aam Ball beim Thema "Worldcafé".
Worldcafé: Zukunft vun der Bildungspraxis "Um Kiemel"
2017-03-14Ennert dem uäwe genannte Motto hat ee Samsdig, den 11. März eng Austauschronn tëscht Vertreter van dër Gemeng, dër Schoul, dër Maison relais an Vertreter van dër Eltrevereenigung am Veräinssall zu Nidderwampich statt fond.
Zum genauën Aafloof vam Daag liwre mër Eech na een detailléiërte Rapport wann d'Resultater van dësem intressanten a konstruktiven Austausch ausgewert sën.
Hei kann Dër Eech ewer well paar Photoën aakucken, déi ee klengen Abléck an dë "Worldcafé" liweren.
Wantermaart um Kiemel
2016-12-16Lo ass ët also sou wäit.
Hockt woor déi offiziell Eröffnung vam Télévie 2017 zu Wëntger.
Nodems dat dë Carlo Weber, 1. Cheffen an Präsident vam dësjährigen Centre de promesse vam Télévie zu Wëntger, ee kurzen Ausbléck op daat kommend Joor gemaat haat, hat de Buergermeester Marcel Thommes allen Acteuren vill Gléck fir déi nei Oplaag vam Télévie zu Wëntger gewënscht. Sou wéi de Centre de promesse 2007 well ee grousse Succès zu Wëntger kannt haat géif o dëst Joor bestëmmt ee gudde Crû giän, wann ee geséich waat well alles aan Aktivitéiten iwert d'Joor an eiser Gemeng geplangt wiir, fir d'Aktioun "Télévie" ze ënnerstëtzen.
D'Madame Diane Wunsch, Coordinatrice van Télévie, hat aafschléissend dëm Organisatiounscomité Merci gesoot fir hiren Engagement am Intresse van allen Legden, déi aan Kriibs erkrankt wiiren. Sie hat dën Akteuren vam Centre de promesse Wëntger dann o vill Succès gewënscht an allen, déi am Sall wooren, eng gudd Gesondheet.
Dono gouf dën offizielle Start van Télévie Wëntger mam Durschnegden van enger Bännchen lancéiërt.
Mam Krëppespill, ënnert der Leedung vam Hoffmann Christiane a mam Matwierken van allen intresséiërten Kanner aus dër Wëntger Schoul, gouf dunn den ischten Deel vam Programm vam hocktigen Owend agelaut.
Dono konnten d'Legd bei Verkoofsstänn Basteleiën van hire Kanner fir dë gudden Zweck koofen. Fir dee néidigen Amusement woor dann o gesuärrigt, well d'Léiërpersonal haat fir déi verschidden Altersgruppen eng ganz Reih flott Atelier'ën organiséiërt, wou dën Erléis, genau wéi bei allen anneren Verkoofsstänn, integral an d'Kees fir dën Télévie gefloss ass.
Alle Legd, déi hockt um Optakt van Télévie zu Wentger dobäi wooren villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung an eech all dann o schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d'neit Joor.
Dër Eltrevereenigung dann o een décke Merci, déi aktiv durch hiren asatz zum Gelengen van dësem Wantermmart mat bäigedroo hat.
Wen da bëssen een Iwerbléck iwert dë Verloof vam Owend wëll kreiën kann déi folgend Fotogalerie opmaën.
» Galerie

Wantermaart "Um Kiemel" de 16. Dezember
2016-12-13WANTERMAART an der Schoul "Um Kiemel" zu Wëntger
Fregdes, den 16. Dezember ab 16:10
Um Programm:
Krëppespill, ee klengen Chrëstmaart, Atelier'en
Fir Eessen an Dranken ass gesuärrigt!
Dee ganzen Erléis vam Owend geet un Télévie
Dë Wantermaart gët organiséiert vam Léierpersonal an der Eltereverenigung
Am Anhang fand Dër dë Flyer vam Wantermaart, sowéi een Iwerbléck iwert d'Atelier'en déi fir d'Kanner aagebuädde giän.

Parkingregelen bei dër Schoul / Règles de stationnement près de 'lécole
2016-12-01Am Anhang fand Der d'Parkregelen betreffend dë Parking bei dër Schoul.
Merci dat Dër Eech draan halt am Intresse van Ärem an allen annere Kanner, déi hei zirkuléiren.
Ci-joint vous pouvez consulter les règles de stationnement concernant le parking près de l'école.
Merci de les respecter dans l'intérêt de votre enfant et de tous les autres enfants qui y circulent.

De Kleeschen kënnt den 2. Dezember an d'Schoul
2016-11-22O dëst Joor beséicht de Kleeschen d'Kanner an dër Schoul um Kiemel.
Fregdes moiës den 2. Dezember beséicht ën d'Kanner aus dën Cyclen 2-4 an hire jeweilige Klassesäll.
Nomëttes ab 14.30 Auër ass hen dann op Besuch bei de Kanner vam Cycle 1, déi am Turnsall verschidden Optrëtter fir hee virbereet han.
Noom Besuch vam Kleeschen mëcht d'Eltreveenigung eng Kaffisstuff op an där dër all härzlich wëllkomm sët.
Dën Erléis van där Kaffisstuff geet integral aan "Télévie"!!!
Merci am Viraus also fir Är Präsenz an Är Ënnerstëtzung!
Generalversammlung van der Eltrevereenigung
2016-10-20Ee Fregdig, den 21.10.2016 gouf déi alljährlich Generalversammlung van dër Eltrevereenigung ab 20.00 am Centre culturel zu Wëntger aafgehaalen.
Niäwent dëm Aktivitéits- an dëm Keesebericht stungen na d'deelweis Erneiërung vam Comité um Programm, är d'Eltrevereenigung zum Aafschloss van der Versammlung op ee Patt agelaaden haat.
Dën détailléiërte Bericht fand Dër am Folgenden PDF:

Halloweenparty van dër Eltrevereenigung den 30.10.2016
2016-10-20Den 30. Oktober 2016 lied d'Eltrevereenigung Eech all op hir Halloweenparty an, déi van 14.00 bis 18.00 Auër am Centre culturel zu Wëntger aafgehaalen gët.
Fir gudd Stëmmung, Eessen an Dranken ass gesuärrigt.
Summerfest: Eng Zäitrees durch d'Musikgeschicht
2016-07-09Als kréinenden Aafschloss vam dësjährige Musikprojet, zu dem dër op dëser Säit Infoën ënner folgendem Link fand Konst a Kultur, stungen d'Optrëtter van de Kanner um Summerfest
dëst Joor ënnert dëm Motto: "Eng Zätrees durch d'Musikgeschicht".
Wéi dës Optrëtter ausgesin han a wéi begeestert d'Zuschauër d'Optrëtter op dër Bühn begleed han kann dër eech an dëser Galerie aakucken.
Dëm Jugendorchester van dër Wëntger Musik na ee décke Merci fir déi musikalisch Iwergäng, déi sie van enger Zäitepoch zur annerer gespillt han.
Allen Eltren an dër Eltrevereenigung dann o een décke Merci fir hir Präsenz an hir aktiv Mataarbicht um dësjährige Schoulfest, daat bei de Kanner an dën Erwassene bestëmmt wärt a gudder Erënnerung bleiwen.
» Galerie
Summerfest, den 8.7. 2016
2016-07-08Mat super flotten Ateliers fir eis kleng a grouss Kanner, organiséiert vam Schoulfestgrupp an animéiërt va villen internen an externen Léckt, gouf sich um Moiën vam 8. Juli op d'Summerfest 2016 agestëmmt.
Ischt Andréck vam Moiën fand dër an dër folgender Galerie:
» Galerie