Samschdeg, 14. Juni 2025

Neies vun der Elterevereenegung




Beat the teacher: Andréck vam Owend

2025-05-19

Merci all dën Ex-Schüler/Innen a Léierpersounen, déi aan eisem Beat the teacher-Owend deel geholt han. Et woor ee relaxen Owend, wou all d'Léckt a gudder Spilllaun wooren an dotëschent o na Zäit fond han fir sich iwer hir gemeinsam Schoulzäit zu Wëntger auszetauschen. A refaire!

Vill Spaass beim Raluussen an d'Photosgalerie.

P.s.: Soubaal wéi d'Photoën van dër Journée des Anciens all verschafft sën, setze mër déi o hei online.

Bis dann also!





Journée des anciens, den 3. Mee 2025

2025-04-28

Hei dë Programm fir d'Journée des anciens

Et ka just ee flotten Owend ginn 💃🏻. 🎵 , Iessen 🥘 Drénken 🥂 , Kolleegen 👯‍♂️ erëmgesinn an ee flotten Owend zesumme verbrengen, alles am Präis abegraff. Also net vergiessen! KENG Oweskees!!!!

Wegder Infoën zu alle Manifestatiounen fand dër ënner dësem Link: 50 Joer Schoul Wëntger





Update 50 Joer Schoul Wëntger

2025-04-23

Lo ass ët gläich sou wäit. Eis "Journée des Anciens" zu 50 Joor Schoul Wëntger steet viraan dër Diir.

Mër freeën äis eech gelegentlich van dem Fest rëmzegesinn, wou mër dann paar schéiner Stonnen an engem relaxen Kader kanne matenee verbrengen.

Sëd dër na nët aagemeld, dann zéckt nët, a froot mool op dër Gemeng no, op na Platz fir eech ass!

Ee klengen Abléck an daat waat well am Kader van eise Feiërlichkeeten geloof ass, krët dër op dëser Säit: 50 Joer Schoul Wëntger

Op där Säit haale mër eech dann o um Loofenden waat alles sou bei eise Manifestatioune geloof ass.

Een Abléck an déi ischt 25 Joer van eiser Schoul krët dër an dësem Archivdossier, wann dër op folgende Link klickt an do d'Brochüre 25 Joer Schoul Wëntger oprouft:





Bericht van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2024-11-10

Fir all Intresséiërt ass de Bericht van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung a folgenden Dokumenter nozeliäsen.

Enner dëm Link www.cleverkanner.lu fand dër méi Infoën iwert dëm Här Betz säin Vitrag zum Thema "MOBBINGPRÄVENTIOUN".

Sollten na Léckt do sën, déi d'Eltrevereenigung finanziell an moralisch wëllen ënnerstetzen, da kannen sie daat maën mam Koof van enger Mëmberskaart iwer dë PAYCONIQ , den dër hei derniäwent fand. D'Eltrevereenigung seet am Viraus MERCI!





Generalversammlung van der Eltrevereenigung / assemblée générale de l'ELTREVEREENIGUNG

2024-11-07

Ee Fregdig, den 7.11.2024 ass déi alljährlich Generalversammlung van dër Eltrevereenigung um 19.30 am Centre culturel zu Wëntger.

Déteiler fand dër am Anhang.

Vendredi, le 7 novembre à 19.30 aura lieu l'assemblée générale de l'Eltrevereenigung, ceci au centre culturel à Wincrange.

Pour plus de détails veuillez consulter les documents en annexe.





SCREEN-Life Balance van eise Kanner / SCREEN-Life balance de nos enfants

2024-09-14

Dën Educatiounsministère informéiërt ënnert dëm Link SCREEN-LIFE Balance.

An eisem Schoulbuet fand dër zu dem Thema op S. 87 (cf PDF) o een intressanten Artikel mat dë Linken zu Filmercher, déi Dër o hei drënner fand.

Le ministère de l'éducation nationale informe sous le lien SCREEN-LIFE Balance.

A la page 87 de notre Schoulbuet (cf PDF) vous trouverez également des informations intéressantes dans ce contexte. Vous y trouverez également des liens vers les vidéos en annexe.








Grousst Summerfest

2024-07-11

Muärren ass ët endlich souwäit. Eist grousst Summerfest geht iwert d'Bühn. Hockt ha Grouss a Kleng well fläissig geübt. Am Anhang ee klengen Appetizer van dem waat eech muärren erwart!





!! Schlëssel fonnt !!

2024-05-24

Mir hunn een Schlëssel op dem Schoulhaff fonnt. Dir kënnt den gäeren an der Maison Relais siche kommen.

On a trouvé une clé dans la cour de l'école. Il peut être récupéré à la Maison Relais.





Save the date "Summerfest"

2024-04-24

An dër Galerie hei drënner fand Dër well den ischte "Save the date" fir eist Summerfest, dat dëst Joor ënner dëm Motto "Zesummen op dër Kiemelbaustell" steet, an den 12. Juli iwert d'Bühn geet.





Nächst Lescht

Eltereverenigung


Eltereverenigung Wëntger Schoul «Um Kiemel» a.s.b.l.
Association des parents d ́élèves de l ́école fondamentale de Wincrange «Um Kiemel» a.s.b.l. affilée à la FAPEL

Adresse: Maison 85 | L-9780 WINCRANGE
www.wincrange.lu Projet: Eltereverenigung

CCRA: LU55 0090 0000 0059 3525
Cotisation annuelle / Mitgliedsbeitrag: 7 €

Projeten