Samschdeg, 3. Mee 2025

Wantermaart um Kiemel

2016-12-16

Lo ass ët also sou wäit.
Hockt woor déi offiziell Eröffnung vam Télévie 2017 zu Wëntger.
Nodems dat dë Carlo Weber, 1. Cheffen an Präsident vam dësjährigen Centre de promesse vam Télévie zu Wëntger, ee kurzen Ausbléck op daat kommend Joor gemaat haat, hat de Buergermeester Marcel Thommes allen Acteuren vill Gléck fir déi nei Oplaag vam Télévie zu Wëntger gewënscht. Sou wéi de Centre de promesse 2007 well ee grousse Succès zu Wëntger kannt haat géif o dëst Joor bestëmmt ee gudde Crû giän, wann ee geséich waat well alles aan Aktivitéiten iwert d'Joor an eiser Gemeng geplangt wiir, fir d'Aktioun "Télévie" ze ënnerstëtzen.
D'Madame Diane Wunsch, Coordinatrice van Télévie, hat aafschléissend dëm Organisatiounscomité Merci gesoot fir hiren Engagement am Intresse van allen Legden, déi aan Kriibs erkrankt wiiren. Sie hat dën Akteuren vam  Centre de promesse Wëntger dann o vill Succès gewënscht an allen, déi am Sall wooren, eng gudd Gesondheet.

Dono gouf dën offizielle Start van Télévie Wëntger mam Durschnegden van enger Bännchen lancéiërt.

Mam Krëppespill, ënnert der Leedung vam Hoffmann Christiane a mam Matwierken van allen intresséiërten Kanner aus dër Wëntger Schoul, gouf dunn den ischten Deel vam Programm vam hocktigen Owend agelaut.

Dono konnten d'Legd  bei Verkoofsstänn Basteleiën van hire Kanner fir dë gudden Zweck koofen. Fir dee néidigen Amusement woor dann o gesuärrigt, well d'Léiërpersonal haat fir déi verschidden Altersgruppen eng ganz Reih flott Atelier'ën organiséiërt, wou dën Erléis, genau wéi bei allen anneren Verkoofsstänn, integral an d'Kees fir dën Télévie gefloss ass.

Alle Legd, déi hockt um Optakt van Télévie zu Wentger dobäi wooren villmools Merci fir hir Ënnerstëtzung an eech all dann o schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d'neit Joor.

Dër Eltrevereenigung dann o een décke Merci, déi aktiv durch hiren asatz zum Gelengen van dësem Wantermmart mat bäigedroo hat.

Wen da bëssen een Iwerbléck iwert dë Verloof vam Owend wëll kreiën kann déi folgend Fotogalerie opmaën.