News Bildungshaus

Projet "BILDUNGSHAUS", ee gemeinsame Projet va verschiddene Bildungspartner
Op dëser Säit haale mër Eech um Loofenden iwer eise Projet Bildungshaus.
Klickt op dëse Link a scho sët dër am Projet dran: Bildungshaus
Op dësen Deel han all d'Mataarbichter aus dër Schoul an der Maison Relais Zougrëff mat hirem perséinliche LOGIN: Bildungshaus Interna
» Galerie

Firwat Kooperatioun Bildung?
Kooperatioun Bildung steet fir d'Zesummenaarbecht vun den Ekippen aus der Grondschoul an aus der Maison Relais; sie steet fir déi gemeinsam Gestaltung vun zwee Bildungsberäicher zu enger Bildungskultur. D'Kooperatioun ass de Wee, fir d'Kanner a fir d'professionell Ekippen, eng positiv Liewens - a Léierplaatz ze schaffen. Eng gemeinsam Bildungskultur weist sech och an der Architektur vu neien Bildungsariichtungen.
An der Zesummenaarbecht tëschent der Grondschoul an der Maison Relais steet d'Kand mat sengen Qualitéiten am Mëttelpunkt vun dëse zwee Bildungsberäicher. Ee Kand brauch ee positiivt Léier - a Liewensëmfeld fir seng Qualitéiten kënnen ze fannen an opzebauen. Esou fënnt hat an der Schoul a spéider am Beruff Succès.
Wéider Infoën hei: https://www.kooperatioun-bildung.lu/
