Neies vun der Elterevereenegung
D'Summerfest 2018 am Réckbléck
2018-07-08Hei fand Dër d'Photoën vam Summerfest 2018, dat dëst Joor ganz ënnert dëm Thema Zirkus stung.
Vill Spaass beim Raluusssen!
» Galerie

Summerfest de 6. Juli
2018-06-27Dëst Joor steet eist Summerfest ganz am Zeechen vam Zirkus.
Am Loof vam Daag stin ënner annerem Comedy-Jongléiër Showen mam Christian Dir um Programm.
D'Ateliers, déi fir d'Kanner organiséiërt sën, dréinen o all rondrëm d'Thema Zirkus.
Doniäwent trëtt dë Jugenorchester van dër Wëntger Musik op an aafgeschloss gët dën Daag natirlich mam Gala Foussballmatch.
Fir Déteiler gewaar ze giän, maat w.e.g. dee folgende PDF op:
Wichtig Info:
Fir all Foussballbegeestert:
D'WM - Matcher Uruguay- Frankräich an Brasilien - Belsch giän um Summerfest live op enger Leinwand iwerdroo!!!
Coupe scolaire 2018
2018-06-13Bei guddem Wiädder han sich d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 10.06.2018 zu Aasselburren am Weyer Gaart getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.
No dër theoretischer Virbereedung an dër Schoul an enger praktischer Aféirung am Verkéiërsgaart zu Housen, déi an Zesaamenaarbicht mat dër Police gemmat gouf, hat een de Kanner op dësem "Examensdaag" trotzdem eng gewëss Nervositéit aagemiärkt. Hockt mussten sie nämlich ouni d'Begleedung van engem Erwaassenen am normale Stroosseverkéiër beweisen, dat sie daat Geléiërt an enger reeller Situatioun ëmsetze konnten.
Är d'Kanner sich ewer op hirt Raad konnte setzen han d'Policebeamten van dër Elwenter Brigade gekuckt op d'Reeder de Sëcherheetsnormen entspreechend richtig équipéiërt wooren. An d'Pompiers va Wëntger sou wéi d'Ambulanciers van Elwen han derviir gesuärrigt, dat déi jung Cyclisten sich a Sëcherheet konnte spiiren.
Um 9.30 Auër woor dunn alles prett an d'Kanner han sich op de Saadel geschwong fir eng "Testronn" um gudd gekennzeechente Parcours ze dréinen. Den 2. Tour gouf ët dunn eescht an ët diärft een sich lo kee Fehler méi am Stroosseverkéiër erlaben, well op de Kontrollposten gouf d'Fahrverhaalen van de Kanner bewert.
Géint 10.30 Auër woor d'Prüfungsituatioun du riwer an d'Kanner goufen no där Aastrengung fir d'ischt Mool mat engem Gedrénks an enger Mëtsch van de Vertreter van dër Eltrevereenigung fir hiren Asatz op dësem Samsdigmoiën belount.
An dono han sie sich na bëssen op dër Spillplatz ausgetobt, är all Kand zum Aafschloss säi "Radführerschäin" an engt Paar Radhänschen vam Bové Serge am Naam van dër Eltrevereenigung iwerreecht kruut.
Als ischt haaten sich klasséiert:
1. Platz: Bertemes Daniel
2. Platz: Trausch Yves
3. Platz: Neser Jules
Dë 1. Schäffen Meyers Lucien hat aafschléissend alle Kanner félicitéiërt, dat sie alt rëm eppes Neiës an hirem Liäwen dobäi geléiërt hätten an hat hinnen vill Spaass a Gléck op d'Rees gewënscht, fir de Fall, dat sie lo aktiv aam Strooseverkéiër wëllten Deel huällen.
Dër Eltrevereenigung, dën Eltren, dëm Léiërpersonal, dër Police, dë Pompiers an dën Ambulanciers soot heen ebenfalls Merci fir hiren Asatz am Dingst van de Kanner, är du jidfereen säin Drootiäsel op oder am Auto verstaut hat, fir dann op de Mëtteskast lass ze fahren.
Mër free'ën äis well op d'Oplaag 2019 van dër Coupe scolaire.
An dër Galerie kann dër dë Führerschäinsanwärter na bëssen nokucken bei hirem Examen:
» Galerie

Summerfest: 6. Juli 2018 - Save the date
2018-01-22Veuillez dès à présent déjà retenir la date du “Summerfest”, qui clôtura l’année scolaire 2017-2018.
Les détails quant au déroulement exact de la fête vous seront communiqués en temps utile.
Notéiert Iech elo schonn den Datum fir d’Summerfest vum Schouljoer 2017/2018.
Mir deelen Iech spéider nach déi weider Deteiler zum genauen Oflaf vun dësem Fest mat.

Niklossfeiër 2017 - Save the date
2017-11-24D'Gemeng an d'Schoul um Kiemel lied d'Kanner, d'Elteren aus dem Cycle 1 a Précoce an d'Familjen aus der Gemeng vu Wëntger Fregdes den 1. Dezember op d'Kleeserchersfeier ëm 14.30 Auer an d'Turnhall an.
No der Feier invitéiert d'Elterevereenigung an hir Kaffisstuff!

D'Gemengewahlen am Cycle 4.2.C
2017-11-23Am Kader vun der Initiativ "Gemengewahlen zu Lëtzebuerg" vun dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) hunn d'Kanner vun der Klass 4.2.C an dem Fach Vie et société verschidden Aktivitéiten zu den Gemengewahlen gemaach.
Sou hunn si verschidden Saachen an der Klass gesinn a gemaach:
- Wat Wahlen sënn, ween wielen goen duerf a wat am Wahlbüro passéiert.
- Fir ze wëssen wéi iwwerhaapt gewielt gëtt, hunn si hiren eegenen "Rat der Helden" gewielt.
- Plakater vun all Partei goufen erstallt a virgestalt.
- D'Roll vun der Gemeng, dem Gemengerot an dem Buergermeester goufen erkläert.
- D'Kannerrechter goufen mateneen ënnersicht
- All Grupp hot sech een Recht erausgesicht an op Plakater hir eegen Iddien festgehaal wéi dat spezifescht Recht an der Gemeng verstäerkt kéint ginn.
Doropshën, hunn d'Kanner bëssen opgereegt mee mat vill Stolz hir Iddien zur Verbesserung vun der Gemeng dem Buergermeester virgestallt wéi dësen op Besuch an d'Klass kommen as. No enger entspannter Diskussiounsronn mam "Chef" vun eiser Gemeng, konnten d'Kanner all hir Froen stellen.
Den Projet as mat engem Artikel ofgeschloss ginn, deen Kanner an hirer Grupp geschriwwen hunn.
Wéi d'Kanner am Cycle 2 d'Thema "Wahlen" behandelt han kann dër am Webbook hei drënner gesin.
» Galerie
Generalversammlung van dër Eltrevereenigung mat aaschléissender Konferenz zum Thema "Gemeinsam sind wir stark"
2017-11-13Wéi op dëser Säit aagekënnigt haat d'Eltrevereenignung ee Fregdig, den 10.11. 2017 op Nidderwampich an hir ordentlich Generalversammlung agelaaden.
Dëm folgende Bericht vam Engelen Jeff kann dër ënthuällen waat dësen Owend um Programm van dër Generalversammlung stung.
Bonne lecture!

Generalversammlung van dër Eltrevereenigung mat aaschléissender Konferenz zum Thema "Gemeinsam sind wir stark"
2017-10-18Donnesdes den 9.11.2017 lied d'Eltrevereenigung eech all an op hir alljährlich Generalversammlung.
Direkt no dër Generalversammlung hält d'Madame Anja Hartmann eng Konferenz zum Thema:
Gemeinsam sind wir stark – Erziehungspartnerschaft
Haalt eech dën Datum lo well an ärem Agenda fest!
Am folgende PDF fand dër wegder Infoën!

Zeitmanagement fir Familljen! Workshop
2017-09-18An Zesummenarbecht mam Resonord lued Iech d’Eltereschoul Janusz Korzcak an, op desen 2-deelegen Workshop gespickt mat ville praktesche Beispiller zum Thema :
"Liewen an der Famill "
Méi Infoën fand Dër an de PDF - Dokumenter am Anhang:

Summerfest 2017
2017-07-06Och dëst Joer fënnt eist Summerfest rem Freides no der Schoul statt. Ënnert dem Motto “Baurenhaff” starte mir de 7.Juli 2017 vu 16h00 Auer un bis 21h00 Auer. Direkt ab 16.00 Auer lafen déi verschidden Aktivitéiten an och fir d’Iessen a Gedrénks ass bestens gesuergt.
Mir wëllen Iech drun erënneren datt während desem Fest d’Responsabilitéit fir Ärt Kand bäi Iech läit. Kënn Dir als Elteren, aus wéi engem Grond och ëmmer, nët um Summerfest present sinn, fiert Ärt Kand um 16h10 mam normalen Schoulbus heem. Ärt Kand, grad sou wéi mir, géifen eis natirlech iwwert Är Präsenz freeën. D’Maison Relais bleift och dësen Nomëtteg ab 14h00 zou.
Cette année-ci, la fête scolaire de fin d’année aura lieu vendredi le 7 juillet 2017 de 16h00 heures à 21h00 heures. Toutes les activités débuteront à 16.10 heures. Sur place, vous trouveriez toutes sortes de consommations. Vos enfants restent sous votre responsabilité. Si, le cas échéant, des parents ne sauront pas être présents à cette heure-là, leurs enfants devront rentrer en bus à 16h10 heures.
La partie scolaire de la maison relais sera fermée à partir de 14h00.