Mëttwoch, 30. Abrëll 2025

Cycle 1


D'Zwergeland op Weltrees

2025-04-02

D'Zergeland ass hockt op Weltrees gang, fir sou vill wéi méiglich Léckt op d'50 Joorfeiër van der Schoul um Kiemel anzelaaden.

Mër hoffen dër kommt o ganz zahlreich op eist Fest, dat den 3. Mee zu Wëntger gefeiërt gët.

Hei kommt dër op déi entsprechend Invitatioun mat allen Deteiler: https://www.wincrange-schoul.lu/db/1/1416788453959/0

Hei dann paar Andréck van dem maträissenden Theaterstéck.





Theateropféirungen a Schéckiwerreechung am Cycle 1

2024-06-10

D’Kanner aus dem Bloumegäertchen an der Villa Reebou vu Wëntger stoungen dëst Joer am Fréijoer op der grousser Bühn an hu ganz stolz hir zwee Theaterstécker opgefouert.

D’Kanner aus dem Team vum Bloumegäertchen hunn am 2. Trimester verschidde Märercher entdeckt. Virun der Ouschtervakanz hu si d’Geschicht vum Wollef an der Welt vun der Märercher opgefouert. Queesch duerch d’Märercher huet de Wollef sich op d‘Sich vun den Zutaten fir di bescht Äppeltaart gemaach fir zesumme mat sengen neie Frënn engt Bëschfest ze feieren.

D’Kanner aus der Villa Reebou hunn zesumme selwer eng flott Geschicht vum Kapitän Mullebutz erfonnt, deen op der Sich nom Reebou war. De Kapitän a séng Matrousen hunn op hirer Rees och allerlee Aventuren erliewt bis si dunn endlech de Schatz op der Insel Lanzarote fonnt hunn.

Souwéi déi letzt Joren och, ass ët Traditioun, datt den Erléis un d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner geet. Dëst Joer sinn duerch déi 2 Theateropféierungen 2071 Euro gesammelt ginn. D’Fondatioun seet alle Bedeelegte een häerzleche Merci.





!! Schlëssel fonnt !!

2024-05-24

Mir hunn een Schlëssel op dem Schoulhaff fonnt. Dir kënnt den gäeren an der Maison Relais siche kommen.

On a trouvé une clé dans la cour de l'école. Il peut être récupéré à la Maison Relais.





Kannerpräis

2024-04-26

D' Maison Relais huet bäim Kannerpräis vum SNJ den 1. an den 2. Plaatz gewonn.


 Kannerpraeis.pdf (577 KiB)



Nachrichten aus deiner Bibliothek

2024-04-14

Wer daran interessiert ist was sich in den letzten Monaten in unserer Bibliothek alles verändert hat, kann die folgende "Béicherjuck-Zeitung" öffnen und sich informieren.

Ein paar Einblicke in die Bibliothek erhältst du auch in der untenstehenden Gallerie.

Viel Spaß beim virtuellen Besuch in unserer Bibliothek!






Nächst Lescht