 | D'Gemengewahlen am Cycle 4.2.C2017-11-23
Am Kader vun der Initiativ "Gemengewahlen zu Lëtzebuerg" vun dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) hunn d'Kanner vun der Klass 4.2.C an dem Fach Vie et société verschidden Aktivitéiten zu den Gemengewahlen gemaach.
Sou hunn si verschidden Saachen an der Klass gesinn a gemaach:
- Wat Wahlen sënn, ween wielen goen duerf a wat am Wahlbüro passéiert.
- Fir ze wëssen wéi iwwerhaapt gewielt gëtt, hunn si hiren eegenen "Rat der Helden" gewielt.
- Plakater vun all Partei goufen erstallt a virgestalt.
- D'Roll vun der Gemeng, dem Gemengerot an dem Buergermeester goufen erkläert.
- D'Kannerrechter goufen mateneen ënnersicht
- All Grupp hot sech een Recht erausgesicht an op Plakater hir eegen Iddien festgehaal wéi dat spezifescht Recht an der Gemeng verstäerkt kéint ginn.
Doropshën, hunn d'Kanner bëssen opgereegt mee mat vill Stolz hir Iddien zur Verbesserung vun der Gemeng dem Buergermeester virgestallt wéi dësen op Besuch an d'Klass kommen as. No enger entspannter Diskussiounsronn mam "Chef" vun eiser Gemeng, konnten d'Kanner all hir Froen stellen.
Den Projet as mat engem Artikel ofgeschloss ginn, deen Kanner an hirer Grupp geschriwwen hunn.
Wéi d'Kanner am Cycle 2 d'Thema "Wahlen" behandelt han kann dër am Webbook hei drënner gesin.
|