Neies vun der Elterevereenegung

Journée des anciens, den 3. Mee 2025
2025-04-28Hei dë Programm fir d'Journée des anciens
Et ka just ee flotten Owend ginn .
, Iessen
Drénken
, Kolleegen
erëmgesinn an ee flotten Owend zesumme verbrengen, alles am Präis abegraff. Also net vergiessen! KENG Oweskees!!!!
Wegder Infoën zu alle Manifestatiounen fand dër ënner dësem Link: 50 Joer Schoul Wëntger
» Galerie

Update 50 Joer Schoul Wëntger
2025-04-23Lo ass ët gläich sou wäit. Eis "Journée des Anciens" zu 50 Joor Schoul Wëntger steet viraan dër Diir.
Mër freeën äis eech gelegentlich van dem Fest rëmzegesinn, wou mër dann paar schéiner Stonnen an engem relaxen Kader kanne matenee verbrengen.
Sëd dër na nët aagemeld, dann zéckt nët, a froot mool op dër Gemeng no, op na Platz fir eech ass!
Ee klengen Abléck an daat waat well am Kader van eise Feiërlichkeeten geloof ass, krët dër op dëser Säit: 50 Joer Schoul Wëntger
Op där Säit haale mër eech dann o um Loofenden waat alles sou bei eise Manifestatioune geloof ass.
Een Abléck an déi ischt 25 Joer van eiser Schoul krët dër an dësem Archivdossier, wann dër op folgende Link klickt an do d'Brochüre 25 Joer Schoul Wëntger oprouft:

Bericht van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung
2024-11-10Fir all Intresséiërt ass de Bericht van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung a folgenden Dokumenter nozeliäsen.
Enner dëm Link www.cleverkanner.lu fand dër méi Infoën iwert dëm Här Betz säin Vitrag zum Thema "MOBBINGPRÄVENTIOUN".
Sollten na Léckt do sën, déi d'Eltrevereenigung finanziell an moralisch wëllen ënnerstetzen, da kannen sie daat maën mam Koof van enger Mëmberskaart iwer dë PAYCONIQ , den dër hei derniäwent fand. D'Eltrevereenigung seet am Viraus MERCI!

Generalversammlung van der Eltrevereenigung / assemblée générale de l'ELTREVEREENIGUNG
2024-11-07Ee Fregdig, den 7.11.2024 ass déi alljährlich Generalversammlung van dër Eltrevereenigung um 19.30 am Centre culturel zu Wëntger.
Déteiler fand dër am Anhang.
Vendredi, le 7 novembre à 19.30 aura lieu l'assemblée générale de l'Eltrevereenigung, ceci au centre culturel à Wincrange.
Pour plus de détails veuillez consulter les documents en annexe.

SCREEN-Life Balance van eise Kanner / SCREEN-Life balance de nos enfants
2024-09-14Dën Educatiounsministère informéiërt ënnert dëm Link SCREEN-LIFE Balance.
An eisem Schoulbuet fand dër zu dem Thema op S. 87 (cf PDF) o een intressanten Artikel mat dë Linken zu Filmercher, déi Dër o hei drënner fand.
Le ministère de l'éducation nationale informe sous le lien SCREEN-LIFE Balance.
A la page 87 de notre Schoulbuet (cf PDF) vous trouverez également des informations intéressantes dans ce contexte. Vous y trouverez également des liens vers les vidéos en annexe.

Grousst Summerfest
2024-07-11Muärren ass ët endlich souwäit. Eist grousst Summerfest geht iwert d'Bühn. Hockt ha Grouss a Kleng well fläissig geübt. Am Anhang ee klengen Appetizer van dem waat eech muärren erwart!
» Galerie

!! Schlëssel fonnt !!
2024-05-24Mir hunn een Schlëssel op dem Schoulhaff fonnt. Dir kënnt den gäeren an der Maison Relais siche kommen.
On a trouvé une clé dans la cour de l'école. Il peut être récupéré à la Maison Relais.

Save the date "Summerfest"
2024-04-24An dër Galerie hei drënner fand Dër well den ischte "Save the date" fir eist Summerfest, dat dëst Joor ënner dëm Motto "Zesummen op dër Kiemelbaustell" steet, an den 12. Juli iwert d'Bühn geet.
» Galerie

Dëm Ousterheeschen een décke MERCI
2024-03-30An Zesaamenaarbicht mat dër Eltrevereenigung hat dën Ousterheeschen d'Kanner aus dër Wëntger Schoul mat engem traditionellen hart gekachten Ee an engem Schoklaasousterheeschen verwiännt.
An sëch woor daat Ganzt ewer an eng Oustereierséich agepackt. Um Site van dër Spillplatz van dër Spillschoul haat dën Ousterheeschen fir all Kand engt hart gekacht a gefiärëwt Ee verstoppt. Noom gemeinsamen Léisen van engem Rätsel hat all Klass sich dann o na ee Schoklaasousterheeschen pro Kand verdingt.
Dëm Ousterheeschen an dër Eltrevereenigung soë mër am Naam van alle Kanner Merci fir dës originell Oustereiërséich.
An dër Galerie hei drënner krëtt dër dann ee klengen Abléck an dën Aafloof van dësem lesten Schouldaag viraan dër Oustervakanz.
Dëm Ousterhaas an allen Kanner wënsche mër da lo eng erholsam Vakanz!
» Galerie