News
Schulsporttag 2015
2015-06-25Unser diesjähriger Schulsporttag fand am Vortag zu Nationalfeiertag statt, leider bei regnerischem Wetter.
Trotzdem wurden alle Aktivitäten wie geplant in die Tat umgesetzt und die Kinder hatten ihre helle Freude daran, wie die folgenden Bilder zeigen.
Aus den folgenden PDF-Dokumenten können Sie auch herauslesen, welche Aktivitäten dieses Jahr in den einzelnen Zyklen eingeplant waren.
Unser Zyklus 1 besuchte an diesem Tag einen Indoor-Spielplatz.
Im Nachhinein bedanken wir uns noch einmal herzlich bei allen Vereinen, die trotz schlechten Wetters, zu der erfolgreichen Gestaltung des Schulsporttages beigetragen haben.



» Galerie
Soirée française
2015-06-20Mat engem rasanten, informativen a flotte Programm zum Thema Frankräich han d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. gewosst hir Eltren, Bekannten a Frënn ze begeestren, sou dat déi gudd Stëmmung, déi d'Kanner verbreet han, ganz séiër op dee ganze Publikum am Sall iwergeschwappt ass, waat mat sich brengt, dat dës Soirée engt Evenement ass waat ganz sëcher na ganz lang an de Kanner, mee o an dën Erwaassenen hire Käpp wärt seng Andréck hannerlossen.
Déi ganz Aarbicht, déi hannert där ganzer Aktioun stouch, ass kengem Mënsch opgefall, well alles sou sprëtzig a selbstverständlich iwert d'Bühn gung, a soumat woor ee flotten Owend vill ze séiër riwer.
Mam Erléis aus dësem Owend han d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. sich hiren Openthalt zu Paräis, den lo geschwënn an d'Haus steet zurecht verdingt!
Andréck an Emotiounen zum Owend fand dër an deene folgende Biller rëm.
Vill Spaass beim Kucken:

Soirée française den 19.06. 2015
2015-06-19D'Kanner aus dëm Cycle 4.2 han hockt hir Eltren, Frënn an Bekannten op eng Soirée française am Centre culturel invitéiërt.
Mam Erléis van dëser Soirée finanzéiren sie den 25. an 26. Juni 2015 hir Rees op Paräis.
Hein na d'Invitatioun van de Kanner


Bilan vam Lernfest aus dër Siicht van eiser Schoul
2015-06-17D'Lernfest van dër Landakademie, daat dëst Joor zu Wëntger aafgehaale gouf, ass riwer.
Eis "Schoul um Kiemel" haat an Zesaamenaarbicht mam NORTIC jo o mat engem Stand zum Thema Geocaching matgemaat.
Dëm Jaagdsyndikat van der Sektioun Cliärrëf seet eis Schoul dann o na ee ganz besonnische Merci.
Gelegentlich vam Lernfest han d'Vertreter vam Jaagdsyndikat eiser Schoul nämlich ee "LERNKOFFER zum Thema Natur" iwerreecht, dee lo ëmmer dann an dën Asatz wärt kommen wann eis Kanner zeaamen mat hirëm Léierpersonal d'Natur wëllen mat Leiw a Séil entdecken.
Am folgende PDF zéië mër lo eise Bilan zum Fest waat dën Atelier Geocaching aageet:
Vill Spaass beim Liäsen!
Photoën zum Aafloof vam ganzen Daag fand Dër am Link hei drënner:
Vill Spaass beim Rakucken:
De Cycle 4.2. seet Merci
2015-06-15All dën Eltren a soss Besucher, déi hiren Auto gelegentlich van dër Carwash-Aktioun van eise Kanner aus dëm Cycle 4.2. wäsche geloss han an o na paar Sou an dër Kaffisstuff hänke geloss han, seet dë Cycle 4.2. van dëser Platz aus Merci.
Op dës Art a Weis konnte +/- 1.250 € agespillt giän, déi de Cycle 4.2. lo bei hire Budget fir dën Ausflug op Paräis kann derbäi lee'ën.
Am Link hei drënner fand dër dann eng Partie Photoën van dëser Aktioun: