Samschdeg, 3. Mee 2025

Lëtzebuerger Owend vam Cycle 4.2 an dër Schoul um Kiemel

2017-07-01

Fir hiren Aafschlossausfluch an eis Haaptstaat matzefinanzéiren haaten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 hir Familljën den 30. Juni 2017 op ee "Lëtzebuerger Owend" an dë Centre culturel op Wëntger invitéiërt.

Um Programm stungen niäwent lëtzebuerger Spezialitéiten o Präsentatiounen rondrëm d'Staat an d'Land Lëtzebuerg.
An de leste Schoulwochen haaten d'Kanner vill Recherchen rondrëm déi ënnerschidlichsten Themen gemaat, déi sie op dësem Owend a Form van engem Plakat, engem Leporello, enger Bastelaarbicht oder enger Powerpoint tëschent 6.00 a 7.00 Auër am Gang vam Centre culturel allen Intresséiërte virgestalt han.
Themen, déi hei presentéiërt goufen wooren beispillsweis: Nationalfeierdaag, d'Kasematten, d'Family of Man, d'Gemengen aus eisem Land, d'Gemeng Wëntger, ...
Um 7.00 Auër sën dun d'Diiren vam Centre culturel opgang, wou d'Kanner niäwent engem typischen lëtzebuerger Menu - Judd mat Gaaredebounen a Speckgrompren - dann o verschidden Optrëtter fir hir Familljemëmbren virbereet haaten.
Niäwend Sketcher an engem Danz haaten d'Kanner mat hirëm Léiërpersonal o eng Stee organiséiërt, wou Bastelaarbichten zum Verkoof stungen, déi d'Kanner selwer produzéiërt haaten. Dotëschent musst natiirlich o na gekacht, zervéiërt a leider o gespoult giän.
Am Loof vam Owend hat d'Eltrevereenigung dann na van dër Gelegenheet profitéiërt fir all de Kanner aus dëm Cycle 4.2 mat engem perséinliche Bouchpräis Äddi ze soën an hinnen vill Gléck zë wënschen an där weiderféirender Schoul, déi sie sich fir hir Zukunft ausgeséicht han.

Aafgeschloss gouf dën Owend mam Ligd "Lëtzebuerger Spezialitéiten", daat d'Kanner, wéi iwrigens all hir Präsentatiounen, mat vill Begeesterung virgdedroo han.

Fir eech ee klengen Abléck an dën Aafloof vam Owend ze giän, fand dër am folgende Link Photoën zu deenen eenzelnen Etappen vam "Lëzebuerger Owend."
Vill Spaas beim Kucken!