Mëttwoch, 18. Juni 2025

News


Cycledag am Cycle 1

2015-06-11

E Mëttwoch, den 22.4.2015 hatt d'Léierpersonal aus dem Cycle 1, am Kader vam PRS, ee Cycledag fir d'Kanner aus der Spillschoul a Précoce organiséiert. D'Kanner aus deene verschiddenen Teamer woren an Altersgruppen gemëscht an han aan  enger Reih Aktivitéiten zum Thema Sproochentwécklung deelgeholl. Wéi des Ateliersën de Kanner gefall han, kann Dir Eech op de nofolgende Fotoën akucken.





Carwash zu Wëntger, den 6.Juni 2015

2015-06-03

Fir hiren Ausflug op Paräis ze finanzéiren start de Cycle 4.2. ee Samsig, den 6. Jun,i rëm eng Carwashaktioun zu Wëntger beim Pomjeesbau.

Méi Infoën fand Dër an dër Affiche hei drënner.



Aktioun: Journées du livre

2015-05-20

Am Kader van de „Journées du livre et du droit d’auteur“, déi vam 22. - 25. Abrëll 2015 an dë Schoulen aafgehaal goufen hat dë Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse dës Aktioun an de Grondschoulen lancéiërt.

„Engersäits kann ee mat Bicher op d‘Rees goen. Et kann een se iwwerall mathuelen.
Anerersäits kann een duerch Bicher aner Länner, Sproochen, Landschaften a Kulture kenne léieren, seng Fantasie spille loossen, ganz nei Welten entdecken, iwwer Ënnerscheeder staunen.
Vill Bicher – Literatur a Sachbicher – erziele vum Reesen : Reesbicher, Reesberichter vun Entdecker oder einfache Persounen déi reesen, en Atlas,….
Reesen heescht och Migratiounen (Vëlkerwanderungen, Aus- an Awanderungen, Flüchtlingswellen,…).

Eis Schoul haat o mat engem Projet matgemaat.
D'Vanessa Staudt an de Roland Meyer, deen dëst Joor sougaar de "Prix de la fondation Servais" gewonn hat, wooren an eis Schoul Um Kiemel komm fir aus hire Béicher virzeliäsen an fir dë Kanner dë "Berouf vam Schrëftsteller" bësse méi noo ze brengen.

Am Anhang fand Dër Dokumenter zu dësen Virliäsdeeg.

Zu dëm Vanessa Staudt sengem Bouch "De Kroumpernéckel" han d'Kanner aus dëm Cycle 2 B dann sougaar eng Fortsetzung geschriwen, déi dër als Webbook hei fand:

KROUMPERNECKEL _Suite





LERNFEST 2015 UM KIEMEL

2015-05-17

Dest Joër freeë mer eis Eech mat ze deelen, datt di national Editioun vum Lernfest op eisem Site zu Wëntger stattfënd.

Hei fand Dir engt grousst Ugebot vun flotten, interaktiven Atelieren an Aktivitéiten, déi Grouss a Kleng kënnen entdecken.

Och d’Schoul um Kiemel zesummen mam Nortic bidd e Stand un, op deem Dir un enger Initiatioun fir Geo-Caching, enger moderner Schatzsuche, kënnt deelhuelen.

Deemno as dëst een Datum, deen an Ärem Kalenner nik däerf feelen.

Sonndes, den 31. Mee, ab 10.30 Auer

Den Entrée as fräi
 
Weider Informatiounen fand Dir ënnert dësem Link:





Pilgerdaag vam Cliärrwer Kanton

2015-05-11

Gelegentlich vam Pilgerdaag vam Cliärrwer Kanton hat ee Grupp Kanner aus dër Wëntger Schoul ënnert dër Leedung vam Christiane Hoffmann paar Ligder während dër Oktavmass virgedroo. Begleet goufen sie dobäi op dërt Gitaar vam Winkin Laurent.

Am Schluss van hirer Prestatioun hat dë Bëschoof dë Kanner perséinlich Merci gesoot fir déi liäwig Gestaltung vam Gottesdingst an heen hat sich gewënscht, dat d'Massen o an Zukunft op sou eng erfrëschend Art a Weis van de Kanner kënnte matgestalt giän.

Am Anhang paar Photoën van eise junke Sänger/Innen.




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot