News
Dës Kanner verlossen dëst Joor eis Schoul um Kiemel
2015-07-13D'Schouljoor 2014-2015 geet op een Enn an d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. maën sich prett fir eis Schoul um Kiemel zu Wëntger ze verlossen.
Am Anhang d'Photoën van deenen 3 Klassen aus dëm Cycle 4.2.
Eech all wënsche mër well lo vill Spaass an Erfollig op ärem neië Liäwensaafschnëtt!!!
Photoën zum Summerfest 2015
2015-07-13Wéi aagekënnigt gouf eist Summerfest dëst Joor fregdes, den 10.Juli aafgehaal. Van 8.00 Auer bis 16.00 Auer konnten d'Kanner déi eenzel Spiller an Ateliersform beséichen. Ab 16.30 Auër stungen dunn Präsentatiounen van deenen eenzelne Cyclen am Amphi um Programm, är d'Kanner dunn fräi an dën Ateliers konnten zirkuléiren.
Op engem sonnigen Daag stung dën dräi Organisateuren EV, MR an Schoul näischt an de Féiss, fir dat dëst Fest een Erfollig konnt giän.
Déi folgend Photoën, op deenen durchwee zefridde Gesiichter ze gesin sën, sën sëcherlich dee beste Beweis dofiir, dat Grouss a Kleng sich gudd ameséiërt han op eisem Summerfest.
Vill Spaass beim Kucken van de Biller!

Schaffplang fir d'Schoulfest 2015
2015-07-08Am folgende PDF kann Dër nokucken op wéi enger Platz dër um Schoulfest gebraucht gët.
Vill Spaass beim Fest, daat jo lo alt méi no kënnt.


Gedenkfeier beim "Juddendenkmool" zu Fünfbrunnen
2015-07-06Gelegentlich vam 70 Anniversaire van der Liberatioun van den Konzentratiounslager haat de Comité Auschwitz ee Sonndig, den 5. Juli, wéi all Joor op Fünfbrunnen bei d'Juddendenkmool invitéiërt.
A Präsenz van eisem Premier Xavier Bettel, dër Integratiounsministësch Corinne Cahen, dëm Europadeputéiërten Charel Goerens, eisem Scheffen- a Gemengeroot, Vertreter van dëm Comité Auschwitz a villen anneren Delegatiounen han dën Här Alain Nacache, Groussrabiner va Lëtzenbuerg an den Pater Friedo Lentz duurch d'Zeremonie beim Denkmool gefouërt.
Et handelt sich bei dëser alljährlicher Zeremonie ëm ee Geste géint d'Vergeessen van dë Grausamkeeten, déi am 2. Weltkrich geschickt sën, gläichzäitig ewer o ëm een Oprouf zum Courage fir géint déi Grausamkeeten ze protestéiren, déi momentan an eiser Welt geschéiën.
Dës a vill anner Gedanken han d'Redner beim Denkmool gefouërt, är d'Gemeng Wëntger zu engem Eirewäin am Home vam Klouster zu Fünfbrunnen invitéiërt hat, wou ënner annerem d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. aus dër Schoul um Kiemel Wëntger all engt Bouch iwerreecht kruuten, dat d'Erënnerung aan d'Grausamkeeten vam 2. Weltkrich bei dër na junker Generatioun van hockt soll waakrich haalen.
Am Naam van alle Kanner aus dëm Cycle 4.2. soë mër als Schoul dëm Comité Auschwitz an dën Témoins de la deuxième génératioun mat hirem Präsident, dëm Här Charles Goerens, Merci fir dëse Geste.
Am Anhang na eng Partie Photoën, déi dën Aafloof van der Zeremonie rëmgiän, sowéi d'Dokumenter aus deene verschiddenen Daageszeitungen, déi dën Här Marc Schoentgen gesammelt hat.

Summerfest an dër Schoul Um Kiemel
2015-07-02Ee Fregdig, den 10. Juli ass ët sowäit. Da feire mër eist Schoulfest an der Schoul um Kiemel.
Fir Déteiler, maat w.e.g dën PDF mam Flyer op. Da gët dër gewaar waat alles leeft.
Bis ee Fregdig dann!
