D'Kanner aus dëm Cycle 4.2. kreië Béicher vam Comité Auschwitz2017-07-02Gelegentlich van dër alljährlicher Gedenkfeiër beim Juddendenkmool zu Fünfbrunnen, zu där dë Comité Auschwitz o dëst Joor rëm invitéiërt haat, kruuten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 va Wëntger a van Elwen Béicher iwerreecht, déi sich mat dër Thematik vam 2. Weltkrich befaassen. An de folgenden PDF - Dokumenter gët dër méi gewaar iwert dën Aafloof van dër Cérémonie beim Denkmool an iwert d'Béicher, déi d'Kanner vam Comité Auschwitz iwerreecht kruuten. D'Schoul va Wëntger seet dëm Comité Auschwitz van dëser Platz aus Merci fir dee schéine Geste, mat dem d'Mémoire aan dën 2. Weltkrich bei eise Kanner oprecht erhaal gët a mat dem gläichzäitig o eng Bréck geschloo gët zu dër bestehender Flüchtlingsproblematik, wéi mër së am Moment kennen. An dër Galerie dann na eng Reih Photoën van dër Cérémonie zu Fünfbrunnen: ![]() ![]() ![]() » Galerie |