Donneschdeg, 12. Juni 2025

De Cycle 4.1 woor Golf spillen

2017-07-10

Am Rahmen vam Turnunterricht haaten d'Enseignants aus dëm Cycle 4 eng Combine mam Golfclub va Cliärrëf. An dem Kader wooren Mëmbren vam Golfclub 3 Mool bei d'Kanner an d'Schoul komm fir mat hinnen d'Basen vam Golfspillen ze trainéiren.
Als Aafschloss van dësem Training wooren d'Kanner aus dëm Cycle 4.1 an dër virlester Schoulwoch dann op Cliärrëf op dë Golf invitéiërt, fir do ënner reellen Conditiounen kannen dësen, an eise Regiounen, nët alldeegliche Sport ze praktizéiren.

Dë Mëmbren vam Cliärwer Golf een décke Merci fir hiren Asatz a Merci o, dat sie dë Kanner ët erméiglicht han paar Bäll um Golf zu Cliärrëf anzelachen.

Hei kann dër an dër Galerie kucken wéi eise Cycle 4.1. sich um Golfterrain zu Eselburren geschloo hat.