Summerfest 20172017-07-08Ënnert dem Motto "Um Baurenhaff" stung dëst Joor eist Summerfest. An dem Rahmen haat eise Summerfestgrupp sich dann o déi ënnerschiddlichsten Aktivitéiten ausgedaacht fir Grouss a Kleng mat op de "Baurenhaff" ze huällen. D'Angebot van dën Aktivitéiten gung vam "Bullenreiten" iwer Pärd, Trakteuren, Schubkaaren, Klengdéiren, Fëschen, ... bis hën zum einfachen Patt beim Comptoir. Fir musikalisch Animatioun hat um 17.00 Auër dë Jugendorchester van dër Wëntger Musik gesuärrigt, är um 19.00 Auër o na den traditionellen Foussballmätch van de Kanner aus dëm Cycle 4.2. géint d'Schoulmeestren um Programm stung. D'Eltrevereenigung, d'Personal aus dër Maison relais an d'Léiërpersonal han zesaamen an engem Seel gezuiën fir dat dësen Daag bei perfektem Summerwiädder gudd sollt iwert d'Bühn goën. Wen sich engt Bild vam Fest wëll maën, dee kann an déi folgend Galerie raluussen. |