Home
News
Generalversammlung van der Eltrevereenigung
2016-10-20Ee Fregdig, den 21.10.2016 gouf déi alljährlich Generalversammlung van dër Eltrevereenigung ab 20.00 am Centre culturel zu Wëntger aafgehaalen.
Niäwent dëm Aktivitéits- an dëm Keesebericht stungen na d'deelweis Erneiërung vam Comité um Programm, är d'Eltrevereenigung zum Aafschloss van der Versammlung op ee Patt agelaaden haat.
Dën détailléiërte Bericht fand Dër am Folgenden PDF:

Halloweenparty van dër Eltrevereenigung den 30.10.2016
2016-10-20Den 30. Oktober 2016 lied d'Eltrevereenigung Eech all op hir Halloweenparty an, déi van 14.00 bis 18.00 Auër am Centre culturel zu Wëntger aafgehaalen gët.
Fir gudd Stëmmung, Eessen an Dranken ass gesuärrigt.
Mir schwätzen Zukunft; Communiqué de presse vam MEN zur Rentrée 2016
2016-09-15Enner folgendem Link gelangt Dër op de "Communiqué de presse vam MEN zur Rentrée 2016:

De Schoulbuet 2016-2017 ass online
2016-08-30Hei kann Dër ee Bléck an de neië Schoulbuet werfen;
Ci-joint vous pouvez jeter un coup d'oeil dans le nouveau Schoulbuet

Schéi Vakanz / Bonnes vacances
2016-07-20Van dëser Platz aus wënsche mër eech all eng schéi Vakanz.
Soubaal deen neiën Schoulbued 2016-2017 prett ass haale mër Eech op dëser Säit am Bild.
Erhuällt Eech all gudd an dat mër äis gesond a monter am neië Schouljoor rëm gesin!
Fir de Fall, dat Ärt Kand seng Materiallëst na nët kruut, respektiv vertässelt hat, hei ee Link op d'Materiallësten van deenen eenzelne Cyclen.
Materiallisten Schulmaterial/ Matériel scolaire
Nous vous souhaitons de bonnes vacances. Dès qu'une version PDF du Schoulbuet est disponible nous la publierons sur cette page.
Pour de plus amples informations concernant le matériel scolaire de votre enfant, vous pouvez suivre ce lien:
Materiallisten Schulmaterial/ Matériel scolaire

