Home
News

De neië Schoulbuet 2017-2018 ass online / Le nouveau "Schoulbuet 2017-2018" est en ligne
2017-09-03Wann dër Eech well bëssen an d'Bild wëllt setzen iwert daat neit Schouljoor, da kënnt dër hei an eisem Schoulbuet bleederen.
Na eng schéi Restvakanz: D'Personal aus dër "Schoul um Kiemel".
Si vous voulez vous informer sur l'année scolaire 2017-2018 veuillez consulter le nouveau "Schoulbuet" que vous trouverez dans le document joint en annexe.
Profitez encore des derniers jours de vacances: Le personnel de la "Schoul um Kiemel"

Hier findet ihr Bücher und Storyboards, die 2016-2017 im Team 2.B entstanden sind
2017-07-14D'Klass 2.2.B spillt Poppentheater
D'Klass 2.1.B spillt Poppentheater
Weißkäppchen
Dem Karin sain Haus ka fléien
Le tour de France
Eseli bekommt einen Freund
Mila will nicht mehr Mila sein
Neue Briefe von Felix
Vorlesung: Felix:Ein kleiner Hase reist durch die Vergangengheit
Häschen Hoppla
Josi_Das Buch
Felix Geburtstag
Häsi feiert Ostern
Der Mann und der Bagger
E-Sätze
Neue Briefe von Felix
Rechnen mit Felix
Viel Spaß beim Lesen!
Geheimnis der Geistervilla
2017-07-14Um leste Schouldaag han d'Klassen 3.1.B an 3.2.B hiren Theater "Geheimnis der Geistervilla" fir hir Schoulkomerooden an d'Eltren opgefouërt.
An engem opwännige Stéck, wou vil Text am Virfeld haat musse geléiërt giän a vill Décorën gebastelt giä wooren fir zu all Moment daat passend Bühnebild op d'Breeder, déi d'Welt bedeiten, ze zauberen, han d'Kanner allegaar hirt Best giän fir rëm Ordnung an d'Geestervilla zë kreiën.
Wen bëssen hannert dë Rideau wëll kucken, dee ka folgend Galerie opmaën fir dee Grupp Kanner an Aktioun ze gesin, deen am Nomëttich vam 14. Juli op dër Bühn stung.
Vill Spaass beim Raluussen an eng schéin an erholsam Vakanz, déi d'Acteuren an all anner Kanner aus dër Schoul sich redlich verdingt han, wënscht d'Léiërpersonal vam Kiemel van dëser Platz!
» Galerie

Kiemelphotoën
2017-07-11Um Summerfest haaten vill Léckt sich am Baurelook verkleed an han eng "Kiemelphoto" van sëch schéisse geloss.
Hei kann dër lo d'Resultat gesin.
Vill Spaass beim Kucken!
» Galerie

De Cycle 4.1 woor Golf spillen
2017-07-10Am Rahmen vam Turnunterricht haaten d'Enseignants aus dëm Cycle 4 eng Combine mam Golfclub va Cliärrëf. An dem Kader wooren Mëmbren vam Golfclub 3 Mool bei d'Kanner an d'Schoul komm fir mat hinnen d'Basen vam Golfspillen ze trainéiren.
Als Aafschloss van dësem Training wooren d'Kanner aus dëm Cycle 4.1 an dër virlester Schoulwoch dann op Cliärrëf op dë Golf invitéiërt, fir do ënner reellen Conditiounen kannen dësen, an eise Regiounen, nët alldeegliche Sport ze praktizéiren.
Dë Mëmbren vam Cliärwer Golf een décke Merci fir hiren Asatz a Merci o, dat sie dë Kanner ët erméiglicht han paar Bäll um Golf zu Cliärrëf anzelachen.
Hei kann dër an dër Galerie kucken wéi eise Cycle 4.1. sich um Golfterrain zu Eselburren geschloo hat.

