Musikdaag 2018 fir d'Cyclen 2 an 32018-05-09De 9. Mee 2018 haaten eis Cyclen 2 an 3 d'Enseignants aus dër Kliärrwer Musikschoul op Besuch, déi hinnen Blech- an Holzbloosinstrumenter, souwéi Percussiounsinstrumenter virgestalt han. Am 1/2 Stonne- Rhythmus sën déi eenzel Gruppen an dräi verschidden Ateliers défiléiërt, wou sie op ganz anschaulich a verständlich Art a Weis de Fonctionnement van deene jeweiligen Instrumenter erklärt kruuten. D'Enseignants aus der Musikschoul haaten o musikalisch ee flotte Programm virbereet, sou dat d'Kanner no all Atelier gudd animéiërt an informéiërt de Musiker dee néidigen Applaus gezollt han. Am Enn vam Moiën hat d'Schoul um Kiemel der Kliärrwer Musikschoul wéi o dër Wëntger Musik, déi d'Percusiiounsinstrumenter zur Verfügung gestalt hat, Merci gesoot fir déi flott Initiativ, déi der Musikschoul wéi o de Musikveräiner aus der Emgegend hoffentlich par nei intresséiërt Kanner an hir Reihen brengt. Demnächst wärten o na eis Cyclen 1 a 4 Besuch van dër Musikschoul kreiën. Am Cycle 1 steet eng Form van Eveil musical um Programm während de Cycle 4 ischter am Beräich vam Gesank wärt bedingt giän. Soubaal dës Ateliers geloof sën haale mër eech a Bild an Text um Loofenden. A fir eech lo ee kurzen Abléck an d'Präsentatioun vam 9.Mee ze giän hei am Anhang paar Photoën vam Daag. |