Sonndeg, 15. Juni 2025

Schoulsportdaag 2018

2018-05-11

Wéi all Joor haat eise Schoulsportdaaggrupp o dës Kéiër rëm all Hiäwlen bei deene verschiddene Veräiner aus dër Emgegend a Bewegung gesatt fir een attraktive Programm fir d'Kanner op d'Been ze stellen.

Well vill Ateliers o am Fräie statt fond han, konnte mër frou sën dat de Wiäddergott matgespillt hat, an äis sougaar zäiteweis paar Sonnestrahlen an d'Arena geschéckt hat, fir eis "kleng Gladiatore" bëssen ze erwiärmen.

D'Kanner woore mat Leiw a Séil bei deenen eenzelne Sportsaktivitéiten dobäi an no all Ateliers hat ee Kanner héiren, déi gemengt han: "Daat do ass cool, an dee Veräin wëll ëch o goën!"

D'Veräinsléckt wärt daat bstëmmt free'ën an dann hoffe mër fir sie, dat dësen Daag hinnen dann o paar nei Lizenséiërt brengt.

Da wiir d'Organisatioun van dësem Daag eng "Win Win Situatioun" fir d'Schoul a fir d'Veräiner.

Op eng nei Oplaag also van dësem flotten Daag fir Grouss a Kleng!

A wee lo ee klengen Abléck an dën Aafloof vam Daag wëll kreiën, dee kann dee folgende Link opmaën: