Dënschdeg, 10. Februar 2026

Home

News


Summerfest 2017

2017-07-08

Ënnert dem Motto "Um Baurenhaff" stung dëst Joor eist Summerfest.
An dem Rahmen haat eise Summerfestgrupp sich dann o  déi ënnerschiddlichsten Aktivitéiten ausgedaacht fir Grouss a Kleng mat op de "Baurenhaff" ze huällen. D'Angebot van dën Aktivitéiten gung vam  "Bullenreiten" iwer Pärd, Trakteuren, Schubkaaren, Klengdéiren, Fëschen, ... bis hën zum einfachen Patt beim Comptoir.

Fir musikalisch Animatioun hat um 17.00 Auër dë Jugendorchester van dër Wëntger Musik gesuärrigt, är um 19.00 Auër o na den traditionellen Foussballmätch van de Kanner aus dëm Cycle 4.2. géint d'Schoulmeestren um Programm stung.

D'Eltrevereenigung, d'Personal aus dër Maison relais an d'Léiërpersonal han zesaamen an engem Seel gezuiën fir dat dësen Daag bei perfektem Summerwiädder gudd sollt iwert d'Bühn goën.

Wen sich engt Bild vam Fest wëll maën, dee kann an déi folgend Galerie raluussen.



Optakt vam Summerfest 2017

2017-07-07

Zum Optakt vam Summerfest 2017 haat dë Grupp "Summerfest" d'Theatergrupp "Kuliss" mat hirëm Stéck "Dën Oscar leet een Ee" agelaaden.
Moiës gouf d'Stéck fir d'Kanner van de Cyclen 1 an 2 opgefouërt. Nomëttes wooren dunn d'Cyclen 3 a 4 aan dër Reih fir dëm Bauër Oscar beim "Eerlee'ën" nozekucken.

An dër folgender Galerie fand dër d'Photoën vam Stéck.



Kanner aus dëm Cycle 4.2, déi dëst Joor eis Schoul verlossen

2017-07-06

An dër Galerie fand dër sämtlich Klassephotoën van de Kanner aus dëm Cycle 4.2, déi um Lëtzebuerger Owend geschoss goufen.

Am PDF-Dokument fand dër d'Photoën an d'Neem van de Kanner, déi dëst Joor eis Schoul Um Kiemel verlossen.



Summerfest 2017

2017-07-06

Och dëst Joer fënnt eist Summerfest rem Freides no der Schoul statt. Ënnert dem Motto “Baurenhaff” starte mir de 7.Juli 2017 vu 16h00 Auer un bis 21h00 Auer. Direkt ab 16.00 Auer lafen déi verschidden Aktivitéiten an och fir d’Iessen a Gedrénks ass bestens gesuergt.

Mir wëllen Iech drun erënneren datt während desem Fest d’Responsabilitéit fir Ärt Kand bäi Iech läit. Kënn Dir als Elteren, aus wéi engem Grond och ëmmer, nët um Summerfest present sinn, fiert Ärt Kand um 16h10 mam normalen Schoulbus heem. Ärt Kand, grad sou wéi mir, géifen eis natirlech iwwert Är Präsenz freeën. D’Maison Relais bleift och dësen Nomëtteg ab 14h00 zou.

Cette année-ci, la fête scolaire de fin d’année aura lieu vendredi le 7 juillet 2017 de 16h00 heures à 21h00 heures. Toutes les activités débuteront à 16.10 heures. Sur place, vous trouveriez toutes sortes de consommations. Vos enfants restent sous votre responsabilité. Si, le cas échéant, des parents ne sauront pas être présents à cette heure-là, leurs enfants devront rentrer en bus à 16h10 heures.

La partie scolaire de la maison relais sera fermée à partir de 14h00.





Dën Tour de France passéiërt d'Schoul um Kiemel

2017-07-03

Op dër 3. Etapp va Verviers op Longwy hat dën Tour de France eis Schoul mondes, den 3. Juli 2017 passéiërt.
Den Daag bloufen d'Kanner iwer Mëttich all an dër Schoul, wou sie van eiser Maison Relais bekästigt goufen.
We méi iwert dëst Evenement wëllt wossen kann déi folgend Linken an d'Photosgalerie opmaën!




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot