Vakanzen um Kiemel

Summervakanz "Um Kiemel"
2022-07-28Sait dem 15 Juli ass Vakanz, an och bei eis an der Maison Relais hunn mir gudd an d'Vakanz gestart, mat eisem neien Projet "Kiddiesummer", deen gréisstendeels op eisem Site stattfannen soll. D'Kanner kréien Dag vir Dag ee grousse Choix vun Aktivitéiten op eisem Site ugebueden, sie kennen dann selwer auswielen, op waat sie an deem Moment Loscht hunn. Vum Holzatelier, Natur & Chill, der Ludothéik, Kichenatlier, Kreativatelier, Bewegungsatelier bis Gesellschaftsspiller, alles ass mat dobai. Natierlech bléift niewent all Aktivitéit och daat klassescht Fraispill op. Bis lo hunn mir schon vill flott Deeg zesummen hei um Site verbuecht an virun allem waren d'Kanner mam neie System zefridden an hunn sech sou lues och drun gewinnt (sou wéi d'Personal och :) . Iwwerzeegt Iech selwer vun eisem "Kiddiesummer" an kuckt d'Fotoen hei :

Summerfest
2022-07-04Hei fand dër dë Flyer zu eisem Summerfest
