Cycle 1

Mër verséissen dëm Marie-Paule seng Pensioun
2023-07-07Um Daag vam Summerfest van eiser Schoul, dën Daag kënnt also nët besser gewiällt sën, geet Habscheid Marie-Paule a seng verdingte Pensioun.
Fir him dën Abschied van dë Kanner a va senge Kolleg/Innen an dëm Léierpersonal bëssen ze verséissen kruut hat op sengem lesten Schaffdaag eng Corbeille mat Verwöhnprodukter an ee faarwigen Bouquet van dë Kanner aus dëm Bloumegärtchen an aus dëm Cycle 2 iwerreecht.
Virwaat graad van hinnen? Ma an deene leste Jooren woor d'Marie-Paule mat vill Härzblugd a gudder Laun ëmmer am Cycle 1 an 2 an dë Vestiäiren van dër Schwämm am Asatz fir honnerte va Kanner an d'Kleeder ze hëllefen, hinnen déi naass Fliichten ze drëchnen oder d'Schung ze strécken.
Dëm Marie-Paule dofir een décke Merci van dër ganzer Belegschaft an all dë Kanner van dër Schoul um Kiemel. Irgendwann an hirer Schoulcarrière hat d'Marie-Paule bestëmmt jidfererengem van hinnen gehollëf, fir dat ën aus dem naassen Element rëm mat Zäit zréck hannert déi méi drëche Matière an dëm Klassesall konnt kommen.
Dëm Marie-Paule a sengem Mann Robi da vill Spaass an dëm Marie-Paule senger verdingter Pensioun a losst eech zesaamen déi lecker Produitën aus dër Coopérative Lëllger Gaart gudd schmaachen.
Am Anhang da stellvertretend fir all Kanner aus dër Schoul eng Photo mat engem Echantillon aus dër Schoul um Kiemel.
A wann dën Abschied dëm Marie-Paule nët ze schwéiër fällt, da së mër frou, fir hat hockt an o op kommende Summerfester ënnert eise Gäst kannen ze begréissen!
» Galerie

Kino mam Cycle 1
2023-06-14An der Vakanz waren mer vom Cycle 1 an den Kino.
Mer sënn mam ëffentlechen Transport op Elwen gefuer.
Mer hunn eis den Film „Die Mucklas… und wie sie zu Petterson und Findus kamen“ ugekuckt.
Den Kino war ganz alleng fir d’Kanner vun eiser Maison Relais reservéiert, daat war flott.
No enger klenger Stäerkung gung et mam Bus rëm zréck op Wëntger.

Ausfluch op Heesdref
2023-06-14
Den 11. 04 hunn mer, d’ Kanner vum Cycle 1 een klengen Trëppeltour vun Wëntger op Heesdrëf gemat.
Zu Heesdrëf sënn mer dunn op d’ Spillplaz gaangen fir ze spillen an ze picknicken.
Leider war eis Zäit fir ze spillen iergendwann riwwer an mer sënn rëm zréck op Wëntger getrëppelt.
Optrëtt vam Zikus "ZWERGELINO"
2023-03-29An dër lester Schoulwoch viraan Oustren woor dën Zirkus "Zwergelino" zu Wëntger op Besuch, fir dën Eltren van de Kanner aus dëm Zwergeland an dën Schoulkomerooden aus denen anneren Klassen zë weisen ,wéi eng Konststécker déi kleng Akrobaten, Déirendompteuren, Déiren, Clownen, Dänzer, Sänger,... an deene leste Schoulwochen astudéiërt haaten. All d'Invitee'ën haate vill Spaass bei dem aafwiässlungsräiche Programm van deene klengen, begeesterten Künstler.
Fir eech ee klengen Abléck an dë Programm vam Zirkus "Zwergelino" ze giän, kann dër an dës Galerie raluussen. Vill Spaas!
» Galerie

Experiment Lawaluucht
2023-02-16Fir deng Lawaluucht ze maan brauchs du: (Foto 1)
- Waasser
- Ueleg
- Liewesmëttelfaarf
- Magnesiumtabletten
- Dain Glas oder deng Fläsch bis 1/3 mat Waasser fëllen.
- Mat Liewesmëttelfaarf mëschen. (Foto 2)
- Dain Glas oder deng Fläsch bis 2/3 mat Ueleg fëllen. (Foto 3) à Hei gesäis du dass d’Waasser an d’Ueleg sech net mateneen mëschen. Dëst leit drunn, dass d’Waasser méi schwéier ass, wéi den Ueleg.
- Lo kanns du ½ oder eng ganz Magnesiumtablett an d’Glas maan. (Foto 4) Hei gesäis du lo wei d’Waasser ufänkt ze spruddelen, wéi bei enger Lawaluucht entstinn hei lo Bullen déi sech duerch den Ueleg no uewen bewegen. Wann’s du eng Täscheluucht un d ‘Glas/Fläsch häls gesäis du et nach besser.
Vill Spass mat denger Lawaluucht!
Experiment Lawalampe
Um dir deine eigene Lawalampe herzustellen, benötigst du : (Foto 1)
-Wasser
-Öl
Lebensmittelfarbe
-Magenesiumtabletten
1. Dein Glas oder deine Flasche mit 1/3 Wasser füllen
2. Mit Lebensmittelfarbe mischen (Foto 2)
3. Dein Glas oder deine Flasche bis 2/3 mit Öl füllen. (Foto 3) Nun siehst du, dass sich das Wasser nicht mit dem Öl vermischt. Dies liegt daran, dass das Wasser schwerer ist, als das Öl.
4. Nun kannst du ½ oder eine ganze Magnesiumtablette ins Glas tun. (Foto 4 ) Hier siehst du jetzt, wie das Wasser anfängt mit sprudeln, genau wie bei einer Lawalampe entstehen nun Bläschen die sich durch das öl nach oben bewegen. Wenn du mit einer Taschenlampe ans Glas leuchtest, kannst du es noch besser sehen.
Expérience de la lampe à lave
Pour fabriquer ta propre lampe à lave, il te faut : (photo 1)
-Eau
-huile
-Colorant alimentaire
-Comprimés de magnésium
1. Remplis ton verre ou ta bouteille avec 1/3 d'eau
2. Mélanges avec du colorant alimentaire (photo 2 )
3. remplis ton verre ou ta bouteille d'huile jusqu'à 2/3. (photo 3) Tu vois maintenant que l'eau ne se mélange pas à l'huile. Cela s'explique par le fait que l'eau est plus lourde que l'huile.
4. Maintenant, tu peux mettre ½ comprimé de magnésium ou un comprimé entier dans le verre. (photo 4 ) Comme dans une lampe à lave, des bulles se forment et se déplacent vers le haut à travers l'huile. Si tu éclaires le verre avec une lampe de poche, tu le verras encore mieux.
» Galerie