Cycle 1
Petterson und Findus zu Besuch in Wintger
2022-03-14Hier ein paar Fotos aus der Vorstellung der Harzer Puppenbühne, die das Stück "Ein Feuerwerk für Petterson und Findus" in der Schoul um Kiemel aufgeführt hat.
» Galerie
Busschoul an eiser Schoul
2020-12-14Fir de Kanner déi richtig Verhalensregelen an a rondrëm dë Bus ze vermëttlen haaten dën Här Patrick Eiffes an dën Här Patrick Neumann vam Service de prévention van dër Police sich an deene lesten Deeg Zäit geholt fir bei d'Kanner aus dë Cyclen 1 an 2 ze kommen.
Enner folgende Linken kann dër bësse kucke goën, waat d'Kanner an dësen zwou Stonnen "Unterricht" erliäwt a verhaalen han:
Busschoul an dër 2.2.D
Busschule
Busschoul
Gudde Kascht fir ee gudden Zweck!
2020-11-12Langweil am Confinement? Nee sot sech de fënnef Joer jonken Aron Marbes an huet zesumme mat sengen Elteren e Kachbuch erstallt.
Den Aron oder och nach de "verdreemte Kichechef“ war d’letzt Joer an der Spillschoul an der Villa Reebou zu Wëntger an ass elo am Cycle 2.1.
Dat wat den Aron a sengem flotte Kachbuch presentéiert huet, huet vill Leit dozou bruecht fir déi Rezepter nozekachen.
Am Ganze sinn duerch de Verkaf 1.550 Euro zesumme komm. Den Erléis huet den Aron der ONG „Le soleil dans la Main“ gespent. Esou huet hie gehollef dat och d'Kanner am Burkina Faso kënnen an d'Schoul goen, an wien weess, villäicht och si engesdags en Kachbuch mat Spezialitéiten aus hirer Kiche schreiwen.
Et si nach Bicher op Franséisch ze kréien an déi kënnen ënnert verdreemte.chef@gmail.com oder op Facebook Verdreemte Chef bestallt ginn.
» Galerie

Zréck an d'Schoul de 25. Mee 2020 / Retour à l'école le 25 mai 2020
2020-05-15Verschidden Dépliants a Brochüren erklären d'Modalitéiten van dër Reprise fir d'Eltren an hir Kanner:
Zwee Clipen adresséiren sëch direkt aan d'Kanner:
Plusieurs dépliants et brochures expliquent les modalités de la reprise et les gestes barrières à respecter par tous :
Deux clips animés s'adressent directement aux enfants :

De Cycle 1 spend 650 €
2020-04-09Mam Erléis vum Verkaf vun der Niklos-DVD ënnerstëtzt de Cycle 1 dëst Joer de Centre Noomdo, ee Kannerheem am Burkina Faso, vun der ONG-D Le Soleil dans la Main. Villmools Merci fir d'Ënnerstëtzung!
Weider Informatiounen fannt Dir um Site: www.soleil.lu
» Galerie