Geheimnis der Geistervilla2017-07-14Um leste Schouldaag han d'Klassen 3.1.B an 3.2.B hiren Theater "Geheimnis der Geistervilla" fir hir Schoulkomerooden an d'Eltren opgefouërt. An engem opwännige Stéck, wou vil Text am Virfeld haat musse geléiërt giän a vill Décorën gebastelt giä wooren fir zu all Moment daat passend Bühnebild op d'Breeder, déi d'Welt bedeiten, ze zauberen, han d'Kanner allegaar hirt Best giän fir rëm Ordnung an d'Geestervilla zë kreiën. Wen bëssen hannert dë Rideau wëll kucken, dee ka folgend Galerie opmaën fir dee Grupp Kanner an Aktioun ze gesin, deen am Nomëttich vam 14. Juli op dër Bühn stung. Vill Spaass beim Raluussen an eng schéin an erholsam Vakanz, déi d'Acteuren an all anner Kanner aus dër Schoul sich redlich verdingt han, wënscht d'Léiërpersonal vam Kiemel van dëser Platz! » Galerie |