Home
News

Tour des MéLODIES
2019-12-06Den TDM geet duerch d’Land
Den INECC (Institut Européen de Chant Choral),
a Collaboratioun mat de Museksschoulen a
Kulturhaiser bréngt den TDM an är Regioun.
Am Virfeld organiséiert den Inecc, zesumme
mat mimamu-SCRIPT, Atelieren an
Interventioune fir d‘Kanner an d’Enseignanten.
Dës Ateliere ginn assuréiert vun Intervenantë vum
Inecc, an Enseignantë vun de Museksschoulen
aus deene jeeweilege Regiounen.
Donieft bitt mimamu den Enseignanten eng
Formatioun un, wou d’Museksmaterial vum
TDM virgestallt an erschafft gëtt.
Dës Datumer fannt dir op mimamu ënner der
Rubrik „Formatiounen“ oder direkt um Ifen.
Méi Infoën fand Dër am folgenden PDF.
De Cycle 1 ëmpfengt de Kleeschen
2019-12-05Mat flotten Dänz a Ligder hat dë Cycle 1 o dëst Joor rëm dë Kleeschen am Turnsall empfong.
Dë Kleeschen hat dë Kanner Merci gesoot fir hir schéin Optrëtter an hat viraan allem aan d'Eltren appeléiërt sich déi néidig Zäit fir hir Allerléifst ze huällen.
Hei an dër Galerie fand Dër dann all d'Photoën van dën Optrëtter.
Vill Spaass beim Kucken!
P.s.: Well ët ganz vill Photoë sën kann ët ee Moment dauren är Ären Browser së opmëcht. Bësse Gedold ass also gefroot. Dono lount ët sich ewer.
» Galerie
De Kleeschen beséicht d'Cyclen 2 bis 4
2019-12-04Wéi all Joors haat de Kleeschen o dëst Joor rëm mat sengem schwarze Gesell dë Wee an eis Schoul fond.
Hei fand Dër dann déi passend Photoën aus dë Cyclen 2 bis 4.
Vill Spaass beim Raluussen an eech an viraan allem de Kanner engt schéint Nikloosfest doheem!
» Galerie
Bazar am Eislécker Heem
2019-12-03All 2 Joor bedeeligt d'Schoul um Kiemel sich mam Verkoof va Basteleiën van de Kanner um Bazar am Lëlljer Heem.
O dëst Joor woor an dë Klassen vill flott Saachen gebastelt giän an de Gros van dën Eltren haaten d'Bastelaarbicht van hire Kanner am Virfeld reservéiërt, fir së um Daach vam Bazar selwer an d'Heem séichen ze goën.
Mam Verkoof van deenen gebastelten Gadgets goufen insgesamt 2.722,02 € agespillt, woufir d'Lëlljer Heem dër Wëntger Schoul dann o mat engem Bréif Merci gesoot hat, den Dër am Anhang fand.
An dër Galerie krët dër ee klengen Iwerbléck iwert daat waat sich um Daag vam Bazar zu Lëlljen gedunn hat.

Lëtzebuerg am 2. Weltkrich
2019-12-02Wann een aa Geschicht intresséiërt ass an sich méi speziell fir dën 2. Weltkrich intresséiërt, dann ass d' Ausstellung "Lëtzebuerg am 2. Weltkrich", déi zu Péiteng gewise gët, durchaus sehenswert an een Déplacement wert.

