Samschdeg, 7. Juni 2025

25.5.2020: Reprise van dër Schoul

2020-06-08

Hockt wor also déi ominéis "Reprise" van eiser Schoul, iwer déi am Virfeld vill geschwatt, geschriwen, geplangt a gebangt gouf.

Dank enger gudder Organisatioun va Säiten van eisem Comité a van dër Gemeng ass dë Moiën ewer alles wéi am Schnürche geloof.

Sëcherlich woor jidferen bëssen opgeregt an d'Masken an d'Distanzanhaalen hat bestëmmt o nët zu enger ganz entspannter Atmoshär bäigedroo, an dach hat dunn alles säi normale Wee geholt an d'Kanner wéi d'Léiërpersonal woore frou, dat ët endlich rëm konnt lass goën ouni Teams, Whatsapp, Léiervideoën, Enveloppen verschécken, ...

O d'Gemengeresponsabel wooren dë Moiën um Rendez-vous fir sich zë vergewësseren, dat alles ging gudd loofen, a géint halwer 9, wéi all d'Kanner sich an dë Klassen installéiërt an d'Fanger fir d'ischte Kéiër grëndlich gewäsch haaten, konnt ët dunn mam méi oder manner "normalen" Schoulbetrieb lass goën.

Fir eech ee klengen Abléck an dën Aafloof vam dach ongewiännte Schoustart ze giän, hei da paar Photoën.