Méi Fräiheete fir eis Kanner!
Nei Reegele fir d'Spillen dobaussen an am Schoulhaff, Reouverture vun de Spillplazen a vun de Vakanzaktivitéiten
Léif Enseignanten, léif Elteren,
Kand sinn heescht fräi sinn. De Kanner hir Fräiheet ass an de leschte Wochen uerg strapazéiert ginn an si hunn op villes misse verzichten. D'Evolutioun vun der Pandemie zu Lëtzebuerg erlaabt et, de Kanner an de Jonken nees eppes zeréckzeginn.
Déi aktuell Chiffere si rassurant an dëse Schrëtt ass méiglech duerch den aktuelle Stand vun der Wëssenschaft, deen eis seet, datt d'Ustiechungsgefor dobausse ronn 19 mol manner grouss ass an datt Kanner sech ënnereneen däitlech manner ustiechen.
D'Spillplazen dobausse gi virum Weekend nees op. Fir d'Kanner ënner 13 Joer gëlle keng weider Virschrëften, si brauchen also kee Mondschutz an si musse keng Distanzreegele respektéieren. Dëst erlaabt richtegt Spillen, sou wéi d'Kanner et eigentlech gewinnt sinn.
Mat der Ouverture vun de Spillplaze kënne mer och am Schoulhaff Barrièrë faleloossen. Vun e Méindeg u gëtt et keng Oftrennunge méi am Schoulhaff. Déi sozial Kontakter sinn essentiell an der Schoul an andeems Hittercher, Sécherheetsbänner asw. verschwannen, kënnen d'Kanner sech nees hallefweegs normal begéinen. Déi versate Pausen an d'Surveillance ginn awer bäibehalen. De Mondschutz gëtt och weider recommandéiert, bis een nees a sengem Grupp am Klassesall ass. Heimat wëlle mer d'Sécherheet fir déi ganz Schoulcommunautéit erméiglechen.
Dëst ass net nëmmen e Schratt an d'Richtung vun der schoulescher Normalitéit, esou gëtt d'Schoul och nees e Stéck méi kandgerecht.
Ech sinn och frou, datt mer, zesumme mat deene verschiddenen Acteuren, e Wee fonnt hunn, fir Vakanzaktivitéite kënnen ze organiséieren. D'Kanner an déi Jonk hunn sech hir grouss Vakanz dëst Joer méi wéi jee verdéngt a sollen och hire Fräizäitaktivitéite kënnen nogoen.
An den nächste Woche gëtt d'Situatioun weider genee analyséiert an ech consultéieren all d'Acteuren, déi implizéiert sinn. Do, wou et méiglech ass, wäerte mer och op de Wee vu méi Fräiheete goen.
Claude MEISCH
Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
|