Home
News
D'Cliärwer Musikschoul op Besuch am Cycle 2
2023-05-04Hockt woor d'Cliärwer Musikschoul bei äis am Cycle 2 op Besuch, fir de Kanner d'Bloosinstrumenter virzestellen a fir bësse Reklamm an eegener Saach a fir d'Wëntger Musik ze maën. De Musiker een décke Merci fir dee flotten Break, den de Kanner vill Spaass gemaat hat. Mee o am Fall vam Erléiren van engem Instrument, genau wéi an dër Schoul an am Liäwen woor d'Erkenntnis: "Ohne Fleiss kein Preis"! Eech vill Spaass beim Raluussen an d'Galerie hei drënner.
» Galerie
Dën Ousterhaas an dër Schoul um Kiemel
2023-03-31Bei stirmischem a reenerischem Wiädder hat dën Ousterheeschen den 31.03. 2023 dë Wee op Wëntger fond fir d'Kanner an eng Oustereierséich anzebannen. All Kand, daat engt Ee fond haat, konnt domat bei d'Mëmbren van dër Eltrevereenigung goën fir na een gëldichen Ousterheeschen aafzehuällen. Dër Eltrevereenigung an dëm Ousterheeschen een décke Merci fir dës flott Aktioun um leste Schouldaag viraan dër Oustervakanz!
» Galerie
Optrëtt vam Zikus "ZWERGELINO"
2023-03-29An dër lester Schoulwoch viraan Oustren woor dën Zirkus "Zwergelino" zu Wëntger op Besuch, fir dën Eltren van de Kanner aus dëm Zwergeland an dën Schoulkomerooden aus denen anneren Klassen zë weisen ,wéi eng Konststécker déi kleng Akrobaten, Déirendompteuren, Déiren, Clownen, Dänzer, Sänger,... an deene leste Schoulwochen astudéiërt haaten. All d'Invitee'ën haate vill Spaass bei dem aafwiässlungsräiche Programm van deene klengen, begeesterten Künstler.
Fir eech ee klengen Abléck an dë Programm vam Zirkus "Zwergelino" ze giän, kann dër an dës Galerie raluussen. Vill Spaas!
» Galerie

Nei! Nouveau! Bëschkiddies Boxhorn
2023-03-23An der Rubrik Maison Relais/ Mini-Crèche Bëschkiddies fannt Der regelméisseg Neiegkeeten zu eiser Mini-Crèche ze Boxer!
Dans notre rubrique Maison Relais/ Mini-Crèche Bëschkiddies, vous trouverez régulièrement des nouveautés de notre Mini-Crèche à Boxhorn!


