Sonndeg, 8. Juni 2025

News





Bericht zur Generalversammlung van dër Eltrevereenigung a gläichzäitig "virtuell Grondsteenleeung zum Bildungshaus"

2021-02-02

Ganz am Zeechen va "Corona" stung o déi dësjährig Generalversammlung van dër Eltrevereenigung.

Vu, dat d'Versammlung nët konnt "en présentiel" aafgehaale giän, haat d'Eltrevereenigung sich am Virfeld fir eng Versioun via "Zoom" décidéiërt, wou een sich bei Interesse konnt iwert ee Link an d'Versammlung aloggen, fir dann kannen nozelauschtren, respektiv o aktiv kënnen d'Wuärt ze ergräifen.

Um 19.00 gouf d'Versammlung durch dë Präsident Laurent Winkin lancéiërt. An zu aller Freed wooren dunn direkt 55 Teilnehmer bäigeschalt, engt Resultat, waat bei dën öffentliche Generalversammlungen seelen konnt erreecht giän.

Gudd organiséiërt, disziplinéiërt a strukturéiërt han déi eenzel "Referenten" dunn durch dën Owend gefouërt, aagefong mam Sonja Schruppen an dëm Edy Weber, déi dën Aktivitéitsbericht an dë Keesebericht fir d'Eltrevereenigung presentéiërt han.

Dono hat dë Meyers Luss, d'Dani Heintz, d'Véronique Schmitz an déi nei Directrice van dër Maison Relais, d'Madame Romaine Schmitz, dë Projet Bildungshaus virgestalt, är dën Architekt Florian Bylow vam Architektebüro Holweck an Bingen d'Pläng vam neiën Bildungshaus virgestallt hat.

Déi genau Pläng vam Bildungshaus kann Dër Eech ënnert dësem Link Pläng Bildungshaus op eiser Homepage aakucken.

Dono hat d'Madame Maja Devetak vam Landschaftsarchitektebüro MDL s.à.r.l. dann o na ee Bléck op d'Aussenarchitektur geworf.

Fir daat Ganzt méiglichst interessant an iwersiichtlich ze gestalten haaten déi eenzel "Referenten" eng ganz anschaulich Bildschirmpräsentatioun virbereet, déi Dër eech gär hei drënner kannt aakucken.

Aafschléissend kruut dë Buergermeester Marcel Thommes na d'Wuärt, deen dër Eltrevereenigung Merci gesoot hat fir hir gudd Aarbicht am Interesse van eise Kanner. Heen hat dann o betount, dat heen frou wiir, dat dën Projet Bildungshaus no villen Jooren intensiver, mee néidiger Planung, wou all Säiten gehéiërt goufen, lo endlich  aus dëm Status vam "Projet" rauskéim, vu dat Enn dës Joores 2021 mam Bau van dër 1. Bauphase vam Bildungshaus soll aagefong giän.

Een aafschléissende Patt konnt dëst Joor nët offréiërt giän, mee dë Laurent Winkin hat aafschléissend aan all d'Nolauschterer a Nokuckerten appeléiërt fir positiv an optimistisch an d'Zukunft ze kucken, an dër Hoffnung, dat all d'Léckt sich dann d'nächst joor rëm "en présentiel" a gläicgbleiwend héiger Teilnehmerzahl an engem Sall kënnten rëmtreffen.

An dër Photosgalerie krët Dër ee klengen Abléck an dën Aafloof van dër Generalversammlung.

Wen d'Generalversammlung am Nahhinein "live" wëllt verfolligen, de kann dat ënnert dëm Link "Opzeechnung van der Generalversammlung 2021" maën.



Link fir d'Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2021-01-29

https://zoom.us/j/96810752679?pwd=d2gwYllRbG1ZQ3FOQUpUVUt1MnpSUT09

 

Meeting-ID: 968 1075 2679

Kenncode: iVN06T

 

___________________________________________________________________________

In folgendem Link werden die Schritte erläutert, wie man an einem Zoom-Meeting teilnimmt.

https://support.zoom.us/hc/de/articles/201362193-An-einem-Meeting-teilnehmen



Le lien suivant explique les étapes à suivre pour accéder à une réunion Zoom.

https://support.zoom.us/hc/fr/articles/201362193-An-einem-Meeting-teilnehmen

 

 





Invitatioun zur Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2021-01-28

Vu la situation de crise actuelle, nous avons l’honneur de vous inviter à l'a ssemblée générale de l'Association des parents d’élèves qui aura lieu exceptionnellement via vidéo conférence le 02 février 2021 à 19:00.
Le lien ainsi que le code QR pour l' accès à la vidéo conférence seront mis à votre disposition sur le site internet www.wincrange schoul.lu dans les meilleurs délais.
Pour des questions supplémentaires, veuillez nous contacter via email elterevereenigung@wincrange.lu
Vous trouvez l'ordre du jour dans le PDF en annexe:



Codéiren an dër Schoul

2021-01-05

Méiglicherweis hat dër eech d' "Schoul doheem-on air" Ausstrahlung iwer Pixelbiller aagekuckt.

Wen na méi iwer "Codéiren" wëll wossen kann dëse Link opmaën!




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot