News
Coupe scolaire 2014
2014-06-01Ennert der Leedung van der Eltrevereenigung, an an Zeassaamenaarbicht mam Léiërpersonal aus dëm Cycle 4, woor dëst Joor d'Coupe scolaire fir d'ischte Kéiër zu Aasselburren ausgedroo giän. Um 9.00 Auër han d'Kanner sich mat hiren Eltren am Weyergaart afond, wou d'Police dunn d'Reeder van de Kanner op eventuell Mängel hë kontrolléiërt hat.
Noom d'Ckeckup han d'Kanner sich dun op de Saadel van hire Reeder geschwong fir du gläich fest mussen an d'Pedallen ze trëdden, well op där ischter Etapp gung ët d'Burregaas rop.
Op dër Kräizung, wou an d'Elwenter Strooss musst aafgebéit giän, gouf gekuckt, op d'Kanner d'Stoppregel richtig ëmgesatt han. Lo gung ët 500 m Richtung Elwen, är rëm an ee Niäwewee musst no rechts aafgebéit giän.
Am aale Schoulhaff zu Aasselburren woor ee klenge Geschécklichkeetsparcours opgebaut giän, wou d'Kanner gemitlich a konzentréiërt verschidden Hindernisser mussten iwerwannen.
Van hei aus gung ët du rëm Richtung Weyergaart, wou d'Eltrevereenigung d'Kanner mat engem Gedrénks an enger Mëtsch an Empfong geholt han.
Bei schéinen Wiädder han d'Kanner lo am Weyergaart gespillt, während hirt Léierperseonal d'Bewertungsbéi ausgewärt hat.
All Kanner haaten hire Radführerschäin gepackt, waat dëm Bové Serge als Vertreter van dër Eltrevereenigung an dëm Buergermeester Marcel Thommes besonnisch Freed gemaat hat, wéi sie an hirer Riädd betount han. Merci sooten sie doniäwt dë Pompiers, dër Protection civile, dër Police, dën Eltren an dëm Léierpersonal fir hiren Asatz op dësem Samsdig moiën an han allen na ee schéine Weekend gewënscht.
Als Belounung fir hir gudd Leestung kruuten d'Kanner van dër Eltrevereenigung engt Paar Radhänschen iwerreecht, är sie sich rëm mat hiren Eltren op dën Heemwee gemaat han.
Dën 1. Präis vam Daag gung aan Aileen Spaus, den 2. Präis kruut Léini Dichter an den 3. Präis woor fiir Noémie Servais bestëmmt.
A well de Site zu Asselburren alle Bedeeligten sou gudd gefall hat, soll o d'nächst Joor d'Coupe scolaire rëm zu Aasselburren aafgehaal giän.

Carwash, den 24. 5. 2014 zu Wëntger beim Pompjeesbau
2014-05-22Wéi well an deene leste Jooren Usus wäschen d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 o dëst Joor rëm Autoën beim Pompjeesbau zu Wëntger.
Dën Erléis aus dëser Aktioun gët geholt fir eng Studierees vam Cycle 4.2 op Paräis matzefinanzéiren.
Méi zu dëser Aktioun kann dër am folgende Flyer noliäsen.
Paar Photoën vam leste Joor belee'ën wéi gewëssenhaft är Autoën hei van de Kanner op Héichglanz braacht giän!
Dë Kiemelchen an dër Oktavmass
2014-05-21Wéi o well an deene leste Joëren, hat eng Delegatioun van Kanner aus dër Schoul um Kiemel Wëntger o dëst Joor rëm dozou bäigedroo fir d’Oktavmass vam Dekanat Cliärrëf ze verschéineren. Am Virfeld van dër Oktav hat d’Hoffmann Christiane sich zweemool Owes no dër Schoul Zäit geholt fir mat deenen intresséiërte Kanner eng Reih Ligder anzeprouwen, déi sie gelegentlich van dër Okatvmass viraa groussem Public sollten virdroën. Während dër Mass hat d’Christiane d’Kanner dann o dirrigéiërt an de Winkin Laurent hat sie op dër Gitaar begleet.
Dat dë Kanner hir Prestatioun dë Legd an dër Kathedral gefall hat, beweist d’Taatsaach, dat si no hirëm leste Ligd mat engem spontanen Applaus van dë Nolauschterer belount goufen an dann o na ee spezielle Merci vam Bëschoof mat op de Wee an d'Éisléck geschéckt kruuten.
Niäwendraan gesi mër déi ganz Mannschaft dann an Aktioun; Schaad, dat mër dën Toun nët o na fir eech hei kannen aspillen!

Märecherfest am Bloumegärtchen
2014-03-24Fregdes, den 28. März vun 9.30-10.30 Auer oder vun 14:30-15:30 Auer feiërt de Cycle 1 aus dëm Bloumegärtchen hirt Märercherfest am Centre Culturel.
Am folgenden PDF fand dër déi néidig Infoën dozou:

D'Harzer Puppenbühne bei äis am Cycle 2
2014-03-24Hockt, den 24.3. 2014 hat d'Harzer Pupppenbühne bei äis am Cycle 2 gastéiërt mat hirem Stéck Petterson und Findus, méi genau mat:
"Ein Feuerwerk für den Fuchs"
Hei eng kuurz Beschreiwung:
In 3 Akten und 2 verschiedenen Bühnenbildern.
Spieldauer: ca. 50-55 Minuten.
Für Kinder von 3 bis 10 Jahren.
Figuren: Rudolf Wurst.
Bühnenbild: Michael Schneider.
Der alte Pettersson, der mit seinem Kater Findus auf einem kleinen Hof draußen mitten in der Natur lebt, kann nicht nur Geburtstagstorten backen, er weiß auch, wie man Füchsen ein für alle Mal den Appetit auf Hühner verdirbt: mit einer Hutschachtel voller Feuerwerkskörper, einer Spukseilbahn und einem falschen Huhn, das möglichst echt auszusehen hat. Wenn Henne Henni und ihre Kolleginnen dafür auch ein paar Federn lassen müssen - was macht das schon. Schließlich ist es ja zu ihrem Besten...