Generalprouw vam Krëppespill "Stäre-Stonnen"2015-12-18Wéi all Joors hat eis Reliounsjoffer Hoffmann Christiane o dëst Joor rëm engt Krëppespill mat intresséierte Kanner aus deene verschiddene Cyclen op d'Bee gestalt. Dëst Joor stung d'Krëppespill ënnert dem Motto "Stäre-Stonnen". Op dër Bühn konnt ee feststellen, dat d'Kanner hir Roll, vam klenge Schoof, iwert divers Stären bis hën zum David, gudd astudéiërt haaten an hirt Best giän han fir hir Alterskollegen am Sall mat hirëm Spill matzerappen. Sie han sich verdingterweis dann o vill Applaus ageheimst an am Schluss hat dee ganze Sall mat "gerockt" beim Aafschlossligd "Let it shine". Wee lo intresséiërt ass daat ganzt Krëppespill live an a Faarw matzeerliäwen, ass den 24. Dezember 2015 härzlich op BOXER an d'Kiirch invitéiërt, wou d'Kanner um 17.00 Auër dann o viraan "groussem" Publikum spillen. Noom Krëppespill ass dann na eng Kannersegnung an da kannen d'Famillen dono Hällgerowend doheem am klengen oder grousse Krees begoën! D'Schoul um Kiemel wënscht eech all besënnlich an erholsam Feierdeeg an da gesi mër äis all gesond a monter a gudd erholt am neië Joor rëm! » Galerie |