Krëppespill 2015 zu Boxer2015-12-25Wéi een sich no där gelongener Generalprouw zu Wëntger an dër Schoul well erwaarden konnt, woor o d'Krëppespill 2015 zu Boxer ee groussen Erfollig. D'Kirch woor bis op déi lest Platz mat Kanner, Eltren a Grousseltren besatt an déi kleng Akteuren han hirt Best giän fir Grouss a Kleng mat hirëm Stéck "Stäre - Stonnen" an d'Zäit van dër Geburt Jesu zréckzeversetzen. Mam aafschléissende Likt "This little light of mine" han d'Kanner rondrëm d'Christiane Hoffmann all d'Léckt an dër Kiirch mat op eng musikalisch Rees geholt. D'Likt ass dann o sou gudd aakomm, dat d'Kanner gären na eng Zougab giän han a jidfereen an dër Kiirch hat mat agestëmmt an hat mat an d'Hänn geklappt. Dë Pastouër Lubomir Fabcin hat dëm Christiane Hoffmann a senger ganzer Equipe va groussen a klengen Hëllëfer an Akteuren een décke Merci gesoot fir d'Mise en scène vam Krëppespill är hee selwer, den Diakon Michel Müller an dë Pater Gerry Schumacher zur aafschléissender Kannersegnung van all de Kanner an dër Kirch iwergang sën. Wenn ee klengen Androck wëllt han, waat fir eng Atmoshpär d'Kanner mat hirëm Krëppespill zu Boxer an dër Kirch konnte schaafen, dee kann sich folgend Fotosgallerie aakucken! Vill Spaass a na schéi Feierdeeg fir eech all! » Galerie |