News

Billerausstellung va behënnerte Kënstler aus dëm "atelier créatif va Lëllgen" am Centre culturel zu Wëntger
2018-03-08Am Moment kann een am Centre culturel zu Wëntger eng Billerausstellung va behënnerte Kënstler aus dëm "atelier créatif" va Lëlljen kucke goën.
Dër froot eech bestëmmt: "Waat ass dën "atelier créatif" a wéi eng Kënstler stellen dann lo zu Wëntger aus?"
Abee, op all dës Froën krët Dër eng Äntwert an dën Dokumenter hei drënner.
Et lount sich d'Dokumenter durchzeliäsen, well do krët Dër een Abléck an d'Konzept vam "atelier créatif" an een Iwerbléck iwer d'Künstler, déi ën am Moment regroupéiërt,mee ët lount sich o ee Bléck an d'Ausstellung am Centre culturel zu Wëntger ze werfen.







Waassererlebniszentrum Kaalbermillen
2018-02-26Ee Fregdig, den 23.2. 2018 woor dën Här Schirtz vam "Waassererlebniszentrum Kalbermillen" an dër Cycleversammlung vam Cycle 2 virstellig giän fir méiglich Aktivitéiten fir Schoulklassen op dër Kalbermillen virzestellen.
Wee méi iwert den intressante Projet wëll wossen kann a folgend Powerpoint ralussen.

Faasicht 2018 am Cycle 2 an 3
2018-02-10Hei kann dër eech paar Biller aakucken wéi d'Faasicht an de Cyclen 2 an 3 bei äis an dër Schoul gefeiërt gouf.
» Galerie

Neit Bildwörterbuch vun oli.lu
2018-01-27Oli.education.lu deelt mat:
Eist neit Bildwörterbuch fir Schüler, Elteren an Enseignanten ass elo online! Dir fannt et an der Rubrik 'Biller' op oli.education.lu oder direkt op https://ssl.education.lu/oli/lu/media/. D'Biller kënne fräi an der Klass benotzt ginn, z. B. fir Wierder z’erklären oder fir Aarbechtsblieder ze maachen.
Mat eiser Sichmaschin kann och ganz einfach no Biller a no Iwwersetzunge gesicht ginn, an dat a 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch). D'Sichmaschin bitt bei der Sich och Biller un, déi zu dengem Suchbegrëff passen. Dofir ass et och e flotten Tool fir no Wierder zu engem Thema ze sichen, oder z. B. fir Aufsätz oder Geschichten ze schreiwen. Déi meeschte Biller sinn ausserdeem als Ausmolbild disponibel. Wann ee Bild ausgewielt gëtt, weist d'Sichmaschinn och déi verschidden Iwwersetzungen un. Dofir ass et och nach eng gutt Méiglechkeet, fir Sproochen a Vokabelen ze léieren.
Doriwwer eraus ginn et ab elo och nach 2 nei Apps, déi op deene neie Biller opbauen. Mat der "Biller-Vokabelen"-App kënne Vokabelen a 4 Sprooche geübt ginn, mat der "Zielen"-App léieren d'Kanner Biller am Zueleraum bis 100 zielen. Déi 2 nei Apps fannt Dir hei:
https://ssl.education.lu/oli/lu/apps/vocpix/run/
https://ssl.education.lu/oli/lu/apps/count/run/
En Update mat weidere Biller ass fir d'nächst Schouljoer geplangt. Wann Dir der Meenung sidd, dass wichteg Biller feelen, da kënnt Dir eis natierlech gäre Suggestiounen eraschécken.
Vill Spaass mam neie Bildwörterbuch wënscht
D’Equipe vum Oli
"Déirenausstellung" vam Cycle 3
2018-01-24D’ Kanner aus dem Cycle 3 hunn am Kader vum Eveil een flotten Projet zum Thema Déieren réaliséiert. All Klass huet een Kontinent zougedeelt kritt, an d’ Kanner hunn fläisseg ugefaang, Informatiounen iwwert deen Kontinent no ze sichen. Am Internet, Lexikon an an den Bicher hunn si allerhand Saachen iwwert d’ Länner vum Kontinent, an och senger Déierewelt, fonnt.
D’ Kanner hunn sech, an Gruppen oder alleng, een besonnegt Déier rausgesicht, iwwert dat si méi wëssen wollten. Si hunn dat ganzt als Plakat, als PowerPoint oder als Roll-up zesummen gefaasst. Verschiddener hunn dat ganzt och mat enger Bastel- oder Moolarbescht oder enger Sachaufgab am Rechnen kombinéiert.
Schlussendlech hunn d’ Kanner dat den leschten Dag virun der Chrëschtvakanz deenen aneren Kanner aus der Schoul virgestallt. Hei konnten di Klassen, di agelueden waren, sech dat ganzt op sougenannten "Maartstänn" presentéieren loossen.
Allen an allem wor et een super Projet woubäi all d’ Kanner immens vill iwwert déi verschidden Déieren geléiert hunn.
D’ Kanner aus dem Cycle 3 hunn am Kader vum Eveil een flotten Projet zum Thema Déieren réaliséiert. All Klass huet een Kontinent zougedeelt kritt, an d’ Kanner hunn fläisseg ugefaang, Informatiounen iwwert deen Kontinent no ze sichen. Am Internet, Lexikon an an den Bicher hunn si allerhand Saachen iwwert d’ Länner vum Kontinent, an och senger Déierewelt, fonnt.
D’ Kanner hunn sech, an Gruppen oder alleng, een besonnegt Déier rausgesicht, iwwert dat si méi wëssen wollten. Si hunn dat ganzt als Plakat, als PowerPoint oder als Roll-up zesummen gefaasst. Verschiddener hunn dat ganzt och mat enger Bastel- oder Moolarbescht oder enger Sachaufgab am Rechnen kombinéiert.
Schlussendlech hunn d’ Kanner dat den leschten Dag virun der Chrëschtvakanz deenen aneren Kanner aus der Schoul virgestallt. Hei konnten di Klassen, di agelueden waren, sech dat ganzt op sougenannten "Maartstänn" presentéieren loossen.
Allen an allem wor et een super Projet woubäi all d’ Kanner immens vill iwwert déi verschidden Déieren geléiert hunn.
» Galerie