Sonndeg, 4. Mee 2025

"Déirenausstellung" vam Cycle 3

2018-01-24

D’ Kanner aus dem Cycle 3 hunn am Kader vum Eveil een flotten Projet zum Thema Déieren réaliséiert. All Klass huet een Kontinent zougedeelt kritt, an d’ Kanner hunn fläisseg ugefaang, Informatiounen iwwert deen Kontinent no ze sichen. Am Internet, Lexikon an an den Bicher hunn si allerhand Saachen iwwert d’ Länner vum Kontinent, an och senger Déierewelt, fonnt.

 D’ Kanner hunn sech, an Gruppen oder alleng, een besonnegt Déier rausgesicht, iwwert dat si méi wëssen wollten. Si hunn dat ganzt als Plakat, als PowerPoint oder als Roll-up zesummen gefaasst. Verschiddener hunn dat ganzt och mat enger Bastel- oder Moolarbescht oder enger Sachaufgab am Rechnen kombinéiert.

 Schlussendlech hunn d’ Kanner dat den leschten Dag virun der Chrëschtvakanz deenen aneren Kanner aus der Schoul virgestallt. Hei konnten di Klassen, di agelueden waren, sech dat ganzt op sougenannten "Maartstänn" presentéieren loossen.

 Allen an allem wor et een super Projet woubäi all d’ Kanner immens vill iwwert déi verschidden Déieren geléiert hunn.