News

Nei Ouvertureszäiten van eise Schouldiiren
2017-11-29Léiw Eltren,
fir eist Gebei während dë Schoulhorairen no baussen aafzesëcheren goufen nei Schlässer installéiërt, déi automatisch d'Diiren verrigelen:
Hei lo d'Zäiten winni d'Diiren op, respektiv verrigelt sën:
Haaptentrée Schoulgebei:
vun 7:00 - 8:10 Auer as së emmer op, dono schléisst se an et kann keen méi vun baussen rakommen (ouni Schlëssel)
vun 13:30 - 14:10 Auer as së op, dono schléisst se
vun 16:10 - 22:00 Auer bleiwt se op
Dat gëlt och fir d'Diir vum Centre Culturel
Diir zum Pausenhaff raus:
Dat selwicht gëlt fir d'Diir zum Pausenhaff, mee déi as och nach op vun 9:50 - 10:20 Auer a mëttes vun 14:50 - 15:20 Auer
Dat gëlt och fir di gro Diir fir an den Centre Culturel
Kommt Dër Ärt Kand also zu dë Schoulzäite séichen, brengt eppes laast oder kommt an engt Gespréich, da musst Dër Eech bei dër Diir van dër Maison Relais ze erkenne giän a gët dann do rageloss.
Merci fir Äre Versteesdemich!

Niklossfeiër 2017 - Save the date
2017-11-24D'Gemeng an d'Schoul um Kiemel lied d'Kanner, d'Elteren aus dem Cycle 1 a Précoce an d'Familjen aus der Gemeng vu Wëntger Fregdes den 1. Dezember op d'Kleeserchersfeier ëm 14.30 Auer an d'Turnhall an.
No der Feier invitéiert d'Elterevereenigung an hir Kaffisstuff!

D'Gemengewahlen am Cycle 4.2.C
2017-11-23Am Kader vun der Initiativ "Gemengewahlen zu Lëtzebuerg" vun dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) hunn d'Kanner vun der Klass 4.2.C an dem Fach Vie et société verschidden Aktivitéiten zu den Gemengewahlen gemaach.
Sou hunn si verschidden Saachen an der Klass gesinn a gemaach:
- Wat Wahlen sënn, ween wielen goen duerf a wat am Wahlbüro passéiert.
- Fir ze wëssen wéi iwwerhaapt gewielt gëtt, hunn si hiren eegenen "Rat der Helden" gewielt.
- Plakater vun all Partei goufen erstallt a virgestalt.
- D'Roll vun der Gemeng, dem Gemengerot an dem Buergermeester goufen erkläert.
- D'Kannerrechter goufen mateneen ënnersicht
- All Grupp hot sech een Recht erausgesicht an op Plakater hir eegen Iddien festgehaal wéi dat spezifescht Recht an der Gemeng verstäerkt kéint ginn.
Doropshën, hunn d'Kanner bëssen opgereegt mee mat vill Stolz hir Iddien zur Verbesserung vun der Gemeng dem Buergermeester virgestallt wéi dësen op Besuch an d'Klass kommen as. No enger entspannter Diskussiounsronn mam "Chef" vun eiser Gemeng, konnten d'Kanner all hir Froen stellen.
Den Projet as mat engem Artikel ofgeschloss ginn, deen Kanner an hirer Grupp geschriwwen hunn.
Wéi d'Kanner am Cycle 2 d'Thema "Wahlen" behandelt han kann dër am Webbook hei drënner gesin.





» Galerie

Bazar vam Foyer Eislécker Heem den 26. November 2017
2017-11-16All 2 Joor hält dë Foyer Eislécker Heem säin traditionnellen Bazar an dër Advendtszäit aaf. D'Kanner van dër Wëntger Schoul han o dëst Joor rëm fir dës Geleegenheet gebastelt a gebaak a wëlle soumat déi Behënnert am Foyer Eislécker Heem ënnerstëtzen.
Waat soss na gelegentlich vam Bazar aasteet kann dër dëm Flyer am Anhang enthuällen.
Mër hoffen Eech all gelegentlich vam Bazar um Site vam Parc Sënnesräich zu Lëlljen kannen ze begréissen.
Méi Infoën zum Parc Sënnesräich, zum Foyer Eislécker Heem an zum Lëlljer Gaart fand Dër an de folgende Linken.

Eltrenowend an der Maison relais, Daasdes, den 23. Januar 2018 em 19H00
2017-11-15D’Maison Relais Wëntger A.s.b.l.,
an Zesoomenorbicht matt der
Eltereschoul Janusz Korczak
invitéieren Eech op een Eltrenowend zum Thema
“KUCK WAAT ECH KANN”
D’ENTWECKLUNG VON DER AUTONOMIE
An wéi engem Alter soll mengt Kand waat kannen?
Wéi kann ech mengt Kand bei senger Ent-wecklung von der Autonomie ennerstetzen ?
Wéi mierken ech wann ech mengt Kand iwer-forderen?
Diskussioun an Austausch
Weider Infoën fand Dër hei drënner am Flyer
