Sonndeg, 15. Juni 2025

Neit Bildwörterbuch vun oli.lu

2018-01-27

Oli.education.lu deelt mat:

Eist neit Bildwörterbuch fir Schüler, Elteren an Enseignanten ass elo online! Dir fannt et an der Rubrik 'Biller' op oli.education.lu oder direkt op https://ssl.education.lu/oli/lu/media/. D'Biller kënne fräi an der Klass benotzt ginn,  z. B. fir Wierder z’erklären oder fir Aarbechtsblieder ze maachen.

Mat eiser Sichmaschin kann och ganz einfach no Biller a no Iwwersetzunge gesicht ginn, an dat a 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch). D'Sichmaschin bitt bei der Sich och Biller un, déi zu dengem Suchbegrëff passen. Dofir ass et och e flotten Tool fir no Wierder zu engem Thema ze sichen, oder z. B. fir Aufsätz oder Geschichten ze schreiwen. Déi meeschte Biller sinn ausserdeem als Ausmolbild disponibel. Wann ee Bild ausgewielt gëtt, weist d'Sichmaschinn och déi verschidden Iwwersetzungen un. Dofir ass et och nach eng gutt Méiglechkeet, fir Sproochen a Vokabelen ze léieren.

Doriwwer eraus ginn et ab elo och nach 2 nei Apps, déi op deene neie Biller opbauen. Mat der "Biller-Vokabelen"-App kënne Vokabelen a 4 Sprooche geübt ginn, mat der "Zielen"-App léieren d'Kanner Biller am Zueleraum bis 100 zielen. Déi 2 nei Apps fannt Dir hei:

https://ssl.education.lu/oli/lu/apps/vocpix/run/
https://ssl.education.lu/oli/lu/apps/count/run/

En Update mat weidere Biller ass fir d'nächst Schouljoer geplangt. Wann Dir der Meenung sidd, dass wichteg Biller feelen, da kënnt Dir eis natierlech gäre Suggestiounen eraschécken.

 

Vill Spaass mam neie Bildwörterbuch wënscht

D’Equipe vum Oli

oli.education.lu