News

"Lernen vor Ort" am Beispiel des Klosters Fünfbrunnen
2018-04-23Am Kader vam "Klenge Maarnicher Festival" han d'Organisateuren säit paar Joor zu Fünfbrunnen d'Initiativ "Lernen vor Ort" lancéiërt.
An dësem Kontext së letzten Dasdig, den 17. Abrëll 2018 déi zwou Klassen aus dem Cycle 4.2 aus dër Schoul um Kiemel Wëntger eng Visite op den Site zu Fünfbrunnen maachen gangen. Do ukommen goufen sie vun der Madame Germaine Goetzinger, dem Här Henri Juda mat senger Madame an dem Här Marc Schoentgen empfongen. D'Kanner goufen an 2 Gruppen opgedeelt an hun 2 verschidden Atelier’en gemaach:
- am Klouster hot den Här Juda eis d’Geschicht vun senger Famill während dem 2. Weltkrich erzielt an eis nach Informatiounen zu den Juden hirer Situation erklärt.
- baussen beim Denkmal vom „Jüdischen Altersheim Fünfbrunnen“, hun mer gezielt kriit wat zu Fünfbrunnen geschidd ass, wei d’Juden vun do aus deportéiert gin sen an d’Kanner kunnten den Juden do mat engem Geste gedenken.
Nodeems sie rëm an der Schoul waren hot een gemierkt, dat des Visite bei den Kanner een festen Androck hannerlooss hot an sie getraff an schockéiert hot, mee dat sie och ganz interesséiert um Thema waren. Et gouf nach eemol zesummen iwert Thema geschwaat an an dër GALERIE fannt dir poor Gedanken vun den Kanner a Form vun engem Fotocollage, sou wéi Fotoën, déi gelegentlich van der Visite gemaat goufen.
Méi Infoën zum Hannergrond vam Projet aan sëch fand Dër o na am PDF-Dokument hei drënner.

Kloertext: Gewalt-Kanner: Hëlt d'Gewalt vu Klengem un zou?
2018-04-18Maacht endlech d’Aen op, eise Kanner geet et net gutt! Den Opruff vun enger Maison-Relais-Direktesch hat enormen Echo, mä wéi dramatesch ass d'Situatioun?
Mat dësem Ophänker fängt d'Caroline Mart d'Kloertext-Emissioun vam 18.4.2018 aan.
Ween méi zum Thema wëll wossen kënnt iwert de folgende Link direkt op déi passend Säit bei RTL, wou een sich d'Emissioun dann na eng Kéiër kann aakucken.

Verhalensstéierunge bei Kanner: Lëtzebuerg geet en neie Wee
2018-04-18Kanner mat extreme Verhalensstéierunge sinn eng grouss Erausfuerderung fir d'Schoulcommunautéit.
Si kënnen zum Deel an der Schoul net méi gehollef kréien, seet den Educatiounsminister Claude Meisch an huet dofir annoncéiert, datt eng ausserschoulesch Struktur geschaf gëtt, wou eng 50 Kanner en intensive sozio-edukativen Encadrement kënne kréien.
We méi iwer déi envisagéiërt Strukture wëll wossen kann folgende Link opmaën:

Eltrenowend van der Maison relais, dasdes, den 24. Abrëll 2018
2018-03-26Den Eltrenowend van dër Maison relais, den den 21. Januar haat sollte stattfannnen, haat jo aus gesondheetliche Grënn musse reportéiërt giän.
De 24. Abrëll ass ët lo sou wäit.
Haalt eech den Owend also mool fräi.
Wegder Infoën kommen na.


Komme mir mat just engem bloen A dovun?
2018-03-21Lieserbréif vum Patricia Heck
Komme mir mat just engem bloen A dovun?
Op Facebook suergt dëse Lieserbréif iwwer d'Erzéiung fir ganz vill Feedback - iwwer 700 Shares schwätze fir sech. RTL.lu krut de Bréif e Freideg gemailt.
Well déi am Bréif beschriwe Phänomener o op eis Schoul zoutreffen, hei dann de Link op déi vill kommentéiërt Zeilen: