News

Bazar vam Foyer Eislécker Heem den 15. Dezember 2013
2013-12-08De 15. Dezember hält de "Foyer Eislécker Heem" säin tarditionelle Bazar am Centre cultutrel bei dër Wëntger Schoul aaf.
Hei giän Bastelarbichten van dë Behënnerten a van de Kanner aus dër Wëntger Schoul verkooft. Verschidde Bastelaarbichten sën sougaar va Behënnerten a Kanner aus dër Wëntger Schoul mateneen zu Lëlljen am Foyer entstann. Op 3 Nomëtticher haaten nämlich 3 Schoulklassen aus dër Wëntger Schoul d'Geleegenheet d'Bewaaner vam Foyer an de Foyer selwer besser kennen ze léiren.
Mër hoffen, dër fand de 15. Dezember de Wee op Wëntger fir de Foyer finanziell a moralisch bei hire Projet'ën zë ënnerstëtzen.
Bei enger gemittlicher Adventsstëmmung trëtt iwrigens am Loof vam Nomëttich de Percussiounsgrupp "Tosa" aus dëm Foyer op. Losst Eech daat nët entgoën.
Mër free'ën äis op äre Besuch!
Am PDF na dën Dépliant vam Bazar.
A wen intresséiërt ass bësse méi iwert de Besuch van eise Schoulkanner zu Lëlljen gewaar ze giän, dee kann d'Photosgallerie hei drënner opmaën!

Skivakanz vam Cycle 4.1.
2013-11-18Dëst Joor faaren eis Klassen aus dëm Cycle 4.1. an d'Skivakanz, an dëst vam 14. Dezember bis zum 20. Dezember.
D'Destinatioun ass wéi am Virjoor rëm St. Johann am Ahrntal.
We méi iwert dën Hôtel an d'Schigebidd wëll wossen, de kann op déi folgend 2 Linken kucke goën.
Eise Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër van dëser Platz aus well eng schéin an erholsam Vakanz. Wen méi van dë Kanner aus dër Vakanz wëll gewaar giän, de kann während dem aagekënnigten Zäitraum bëssen am Internettagebuch liäsen, daat d'Kanner während hirëm Openthalt op eiser Homepage veröffentliche wärten.
Wen direkt op eist Internettagebuch wëllt luusse goën waat sich an eiser Vakanz sou deet, dee kann ab dem 15. Dezember de Link "Internettagebuch aus dër Skivakanz 2013" opmaën, den dër hei drënner fand, oder dër gitt op de WIKI "Ausflüge" a wiällt dann do deen entsprechenden Ausflug aus.
Mër free'ën äis op äre Besuch!

D'Eltrevereenigung invitéiërt op hire Spillsaachenokkasiounsmaart ee Sonndig, de 27.10. 2013
2013-10-22Ee Sonndig, den 27. 10. 2013 organiséiërt d'Ev ee Spillsaachenokkasionsmaart zu Wëntger am Centre culturel, wou d´Kanner aus der Wёntger Schoul (Cycle 3+4), hir Spillsaachen, déi sie net méi wellen, kanne verkoofen.
Daat Ganzt geet van 14.00 bis 18.00 iwert d'Bühn.
D‘Elteren kёnnen d'EV ёnnerstёtzen, andems se eent Gebäck fir Sonndesmëttes matbrengen
Een Deel vum Erléis van der Kaffisstuff as fir e gudden Zweck!
De Kanner vill Spaass beim Verkoof van hiren Artiklen!


Neiën Eltrecomité
2013-10-20Wéi bei äis op dër Säit aagekënnigt wooren ee Fregdig, den 18.10. 2013 d'Wahlen fir dee neiën Eltrecomité van dër Schoul Um Kiemel Wëntger.
Et louën 3 Kandidature vir, an allen 3 Kandidaten goufen mat oppenen Ärem am Eltrecomité opgeholt. Dën Eltrecomité setzt sich lo aus folgenden 3 Mëmbren zesaamen:
Nicole Conter vun Boevange
Schmitz Claude vun Boevange
Diederich Humartus Aloysia vun Houffelt
Hinnen 3 wënsche mër vill Spaass an Erfollig beim Ausfëllen van hirer neiër Tâche!

Neië Schoulcomité
2013-10-20Säit Aafank van dëm Schouljoër 2013-2014 gët ët Changementer an eisem Schoulcomité.
Nei Präsidentin ass d'Madame Danielle Heintz.
Comitésmëmbren sën an alphabetischer Reihenfolg:
Ansay Gusty
Arend Camille
Arndt Laurent
Dichter Anne
Remiche Tom
Schartz Yves
Schmit Sandy
Schmitz Véronique
Hinnen eng glécklich Hand beim Ausféiren van allen Aarbichten am Intresse van eiser Schoul Um Kiemel.