News
Theateropféirungen viraan dër Chrëstvakanz
2013-12-30Kuurz viraan dër Chrëstvakanz hat d'Klass 3.1.C eng liicht verännert Versioun vam Klassiker "Le petit lion" aus dëm Franséische Bouch opgefouert.
Photoën dozou fand Dër am Link hei drënner.
Am Kader van dër Kannermass hat d'Sandy Schmit dëst Joor mat dë Kanner d'Krëppespill "D'Krëppchen erzielt" astudéiërt.
Photoën aus dër Generalprouw an dër Schoul an aus dër Kannermass fand Dër o hei drënner.
Demnächst wärt Dër o na d'Texter zu deenen zwee Evenementer ënnert eisem WIKI "Theater" fannen.
Lo mool vill Spaass mat dë Photoën an Eech all wënsche mër ee gudde Rutsch an daat neit Joor 2014, an dem sich hoffentlich all Är Wënsch ërfëllen.

Heemrees aus dëm Wantersport
2013-12-19Mër sën na voll am Schiféiwer, an dach musse mër äis sou luäs van dë Biärger an dëm Schnéi verabschieden.
Mër ha geplangt muärre moiën, den 20.12. 2013 um 8.00 Auër hei am Ahrntal fort ze fahren.
D'Heemrees geet rëm iwer Wittlich, wou mër dë Grupp Jugendlicher aus dëm Bus lossen.
D'Fahrt wärt also rëm +/- 13 Stonnen dauren.
Ënnerwee haale mër Eech, léiw Eltren, déi dër do op Quälle sëtzt, um Loofenden wou mër graat am Verkéiër draa sën, an dëst par SMS. Leet är Handyën also nët ze wäit aus dë Féiss! :)
Themenportfolio-Owend vam Cycle 4.1.
2013-12-11Van 18.00 Auër bis 20.30 Auër haaten d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. op een Themenportfolio-Owend zum Thema "Biärger" invitéiërt.
Eltren, Grousseltren a Frënn han sich am Hall vam Centre culturel afond, wou d'Kanner hir Portfolioën ausgestalt a presentéiërt han, déi sie an deene lest Wochen mat hirëm Léierpersonal zesaamegestalt haaten.
An hire Portfolioën han d'Kanner ënner Beweis gestalt, dat sie sich intensiv mam Thema Biärger ausernee gesatt haaten, an dat sie sich lo gudd virbereed an déi verdingte Skivakanz op de Wee kanne maën.
An dër Photosgallerie heidrënner krët dër ee klengen Abléck an daat waat sich dën Owend zu Wëntger zougedroo hat.
Ee Samsdig um 7.00 Auër moiës ass ët da sou wäit an eise Cycle 4.1. brëcht op an d'Skivakanz am Ahrntal a Südtirol.
Wen o hei am Bild wëllt bleiwen waat d'Kanner do erliäwen, dee kann dëst an hirëm Internettagebuch noliäsen, daat deeglich à jour soll gesatt giän.
Een direkte Link op dë Wiki an dem d'Internettagebuch publizéiërt gët fand dër hei:

Traurig Nooriicht vam Doud vam Vasco
2013-12-10Lo graad kruute mër déi traurig Nooriicht, dat de Vasco leider dën Owend um 7.00 Auër aa senger Krankheet gestuärwen ass.
Dëm Vasco senger Famill drécke mër van dëser Platz aus eist oprichtigt Bäileed aus a wënschen hir vill Courage fir d'Zukunft.
Hëllef fir de Vasco
2013-12-08De Vasco, ee klenge portugiesische Jung, den eise Cycle 1 beséicht, leid well säit längerer Zäit aan enger Tumeur, déi nëmmen schwéiër ze traitéiren ass.
All Traitementer han nët déi gewënschte Resultater braacht, mam Resultat, dat de Vasco lo een Traitement an Däitschland wärt matmaën, den ewer nët iwer eis Krankekees finanzéiërt gët.
An enger 1. Phase kast dën Traitement 15.000 €, déi d'Eltren beim Aafank van dër Behandlung mussen op dën Dësch lee'ën.
Vu, dat ët sich hei ëm eng grouss Zomm handelt hat d'Communauté portugaise ee Spendenoprouf lancéiërt fir dëm Vasco seng Famill finanziell zë ënnerstëtzen.
Déteiler fand dër am PDF ënnendrënner.
De Kontosnummer op dem dër o een Geste fir de Vasco a seng Famill kannt maën ass dee folgenden: IBAN BCEE LU68 0019 4255 3337 4000.
Merci fir Är finanziell a moralisch Ënnertsëtzung!
