Samschdeg, 7. Juni 2025

LERNFEST 2015 UM KIEMEL

2015-05-17

Dest Joër freeë mer eis Eech mat ze deelen, datt di national Editioun vum Lernfest op eisem Site zu Wëntger stattfënd.

Hei fand Dir engt grousst Ugebot vun flotten, interaktiven Atelieren an Aktivitéiten, déi Grouss a Kleng kënnen entdecken.

Och d’Schoul um Kiemel zesummen mam Nortic bidd e Stand un, op deem Dir un enger Initiatioun fir Geo-Caching, enger moderner Schatzsuche, kënnt deelhuelen.

Deemno as dëst een Datum, deen an Ärem Kalenner nik däerf feelen.

Sonndes, den 31. Mee, ab 10.30 Auer

Den Entrée as fräi
 
Weider Informatiounen fand Dir ënnert dësem Link: