Freideg, 2. Mee 2025

Dag vum Buch 2015

2015-04-23

Am Kader vam Dag vam Bouch haat eise Bibliosgrupp rëm Auteure va Béicher bei eis Kanner an d'Schoul um Kiemel invitéiërt.

Fir de Cycle 4 an dë Cycle 3 woor dë Roland Meyer aus senge Béicher "Iwert dër Leeder" an "Zu Lëtzebuerg gin ët keng Piratekapitänen" virgeliäs.

Eis Kanner aus dë Cyclen 1 an 2 kruuten vam Vanessa Staudt hirt neit Bouch de "Kroumperenéckel" virgelstalt.

A béide Fäll han d'Kanner ewer nët nëmmen eppes iwer d'Geschichten aus dë Béicher geléiërt, mee konnten an engems profitéiren fir dën Auteuren Froën zu dë Béicher an hirer Entstehungsgeschicht ze stellen an iwert de Berouf vam Buchauteur ze stellen.

Am Fall vam Vanessa Staudt hat "d'Gebuurt" van hirëm Bouch "Kroumperenéckel" beispillsweis 3 Joor van dër Iddi bis zur Publikatioun gedauërt. Sie hat nët nëmmen dën Text selwer geschriwen, mee hat o d'Biller selwer gemoolt an o d'Vermaartung van hirëm Bouch, daat bis lo 3000 Mool gedréckt gouf, hat sie selwer an d'Hand geholt.

Daat a vill anner Saachen han d'Kanner also iwert déi 2 Auteuren an hir Béciher geléiërt.

Är d'Kanner dann dee nei ageriichten Liäseck an dër Bibliothéik verloss han, kruuten sie na a Form van engem Stoffsack ee klenge Cadeau mat op de Wee, an dem sie hir ausgeléinte Béicher lo bequem tëschent Schoul an Doheem kënnen transportéiren.

A lo heescht ët, onaafhängig vam Daag vam Bouch: Alle Kanner o viraan vill Spaass beim Entdecken van neiën Geschichten bei äis um  "Béicherjuck".