News
MR News

Update 50 Joer Schoul Wëntger
2025-04-23Lo ass ët gläich sou wäit. Eis "Journée des Anciens" zu 50 Joor Schoul Wëntger steet viraan dër Diir.
Mër freeën äis eech gelegentlich van dem Fest rëmzegesinn, wou mër dann paar schéiner Stonnen an engem relaxen Kader kanne matenee verbrengen.
Sëd dër na nët aagemeld, dann zéckt nët, a froot mool op dër Gemeng no, op na Platz fir eech ass!
Ee klengen Abléck an daat waat well am Kader van eise Feiërlichkeeten geloof ass, krët dër op dëser Säit: 50 Joer Schoul Wëntger
Op där Säit haale mër eech dann o um Loofenden waat alles sou bei eise Manifestatioune geloof ass.
Een Abléck an déi ischt 25 Joer van eiser Schoul krët dër an dësem Archivdossier, wann dër op folgende Link klickt an do d'Brochüre 25 Joer Schoul Wëntger oprouft:



Kannercomité
2025-01-20Den 13.01.2025 haten mir eis zweet Kannercomité Versammlung. Eisen Austausch ass ëmmer ganz interessant a produktiv. D' Kanner sinn oppen fir all Thema an si bréngen och spannend Theme mat déi si am Alldag an der Schoul sou wéi an der Maison Relais beschäftegen.
Le 13 janvier 2025, nous avons tenu notre deuxième réunion du conseil des enfants. Les échanges sont toujours très intéressants et productifs. Les enfants sont ouverts à tout sujet et apportent également des thèmes passionnants dont ils s'occupent aussi bien à l'école et à la maison relais.
No dia 13 de janeiro de 2025, tivemos a nossa segunda reunião do Comitê Infantil. As nossas trocas de ideias são sempre muito interessantes e produtivas. As crianças estão abertas a qualquer tema e também trazem consigo temas interessantes com os quais lidam tanto na vida escolar quotidiana como na Maison Relais.
» Galerie

Spillerowend "Kleng géint GROUSS"
2025-01-11Fir d'Schivakanz van dësem Joor matzefinanzéiren haat de Cycle 4 ee Spillerowend "klein gegen GROSS" organiséiërt, wou d'Kanner géint hir Eltren a Geschwëster bei denen ënnerschiddlichste Spiller konnte géinteneneen aantrëdden.
D'Spiller goufen van dë Kanner selwer geleet a bewert.
Grouss a Kleng haaten dësen Owend vill Spaass mateneen an o d'Keess konnt gudd gefëllt giän.
Ënner folgendem Link krët dër ee klengen Abléck an dëse mouvementéiërten Owend.