Cycle 4
Zwee Krëppespiller op "Hëlljer Owend" zu Boxer
2014-12-25Am folgende Link fand Dër dann lo d'Photoën van dë Krëppespiller, déi d'Kanner op "Hëlljer Owend" zu Boxer vira grousser Kuliss opgefouërt han.
Vill Spaass beim Kucken, schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor!

Zwee Krëppespiller um lesten Schouldaag viraan dër Chrëstvakanz
2014-12-19Um leste Schouldaag viraan dër Vakanz haaten sich d'Kanner aus deene verschiddene Cyclen am Centre culturel versammelt fir do 2 Krëppespiller ze kucken, déi eis Reliounsjoffer, d'Christiane Hoffmann mat Kanner aus dër Schoul um Kiemel astudéiërt haat.
Daat ischt Stéck hat d'Himmelstrapp geheescht a gouf interprétéiërt van engem Grupp Kanner, déi sich queesch durch déi eenzel Cyclen zesaamefond haaten, fir d'Geschicht van Esau a Jakob, zwee zerstriddene Brigder, déi sich am Enn rëm versöhnt han, ze erziällen.
Am zweete Krëppespill kruuten dunn d'Kanner aus dë Klassen 2.1 A an 2.1 C d'Geleegenheet fir d'Stéck "d'Déiren kommen bei d'Krëppchen" ze spillen an ze sangen.
Dë ville klengen a groussen Zuschauër, déi derbäi wooren, han déi zwee Stécker gudd gefall an am Enn kruut d'Christiane mat sengen zwou Theateréquipen een décken a verdingten Applaus.
Photoën aus dër Schivakanz
2014-12-16Well d'Internetleitung am Ahrntal nët séiër genou ass, kreiën eis Schiassen d'Photoën leider nët direkt op eis Homepage ropgelaaden.
Wann dër trotzdem wëllt gesin waat sur Place lass ass, da klickt just op dee folgende Link a scho gesit Dër am Bild waat am Ahrntal leeft. D'Photoën giän regelméissig à jour gesatt. Vill Spaass beim Kucken:
A Punkto Tagebuch probéire mër eech o schrëftlich an d'Bild ze setzen.
Fir an eisem Tagebuch ze liäsen braucht dër nëmmen op dëse Link ze klicken:
Ausfluege

Schivakanz am Ahrntal
2014-12-11Wann dër dëse Link opmaat, kommt dër an eise WIKI, wou dër Infoën iwert eis Schivakanz am Ahrntal fand.
Ausfluege

PRS-Aktionen im Monat September
2014-11-03Wer sich für die Entwicklung unserer Schule seit 2009 interessiert, dem Jahr also in dem das neue Schulgesetz in Kraft trat und die Ausarbeitung und Umsetzung von Schulentwicklungsplänen (PRS) erforderlich machte, der kann auf dieser Seite verfolgen welche Richtung unsere Schule seitdem eingeschlagen hat.