![]() | Zwee Krëppespiller um lesten Schouldaag viraan dër Chrëstvakanz2014-12-19Um leste Schouldaag viraan dër Vakanz haaten sich d'Kanner aus deene verschiddene Cyclen am Centre culturel versammelt fir do 2 Krëppespiller ze kucken, déi eis Reliounsjoffer, d'Christiane Hoffmann mat Kanner aus dër Schoul um Kiemel astudéiërt haat. Daat ischt Stéck hat d'Himmelstrapp geheescht a gouf interprétéiërt van engem Grupp Kanner, déi sich queesch durch déi eenzel Cyclen zesaamefond haaten, fir d'Geschicht van Esau a Jakob, zwee zerstriddene Brigder, déi sich am Enn rëm versöhnt han, ze erziällen. Am zweete Krëppespill kruuten dunn d'Kanner aus dë Klassen 2.1 A an 2.1 C d'Geleegenheet fir d'Stéck "d'Déiren kommen bei d'Krëppchen" ze spillen an ze sangen. Dë ville klengen a groussen Zuschauër, déi derbäi wooren, han déi zwee Stécker gudd gefall an am Enn kruut d'Christiane mat sengen zwou Theateréquipen een décken a verdingten Applaus. |