![]() | Schwammformatiounen zu Wëntger2015-01-24Nodeems dat mër als Schoul Enn 2014 eng Weiderbildung a Saachen Rettungsschwammen, déi iwert d'FLNS zu Wëntger mam Formateur Müller André organiséiërt giä woor, matgemaat han mam Ziel den "Rettungsschwammbrevet" ze absolvéiren, haat eis Schoul sich lo beim Institut de Formation Continue eng Weiderbildung aagefroot a Saachen Schwammcourën haalen. Bei dën Inhalter van dë Courën gung ët beim Cycle 1 an 2 hauptsächlich ëm d'Wassergewöhnung. D'Cyclen 3 an 4 han méi een Iwerbléck iwert d'Erléiren van dën Techniken beim Broschtkraul, Réckekraul an Brasse kriit. No engem theoretischen Iwerbléck waat de Lehrplan an d'Inhalter van dër Wassergewöhnung, respektiv dën Schwammtechniken aageet, han d'Formateuren, d' Hären Claude Scheuer an Norbert Ruschel äis dunn an dër Wëntger Schwämm eng ganz praxisnoh Weiderbildung offréiërt, wou mër an Ateliers déi eenzel Etappen vam Schwammeléiren an dër Grondschoul konnten durchloofen. D'Enseignants aus eiser Schoul kannen ënner folgendem Link all d'Infoën, déi mër van eise Formateuren zur Verfügung gestalt kruuten, aafroufen.Weiterbildung Schwimmen Mat dër Hëllef van eisen 2 Formateuren ass eis Schoul lo na aam Gang dëse Volet vaan dër Formatioun aafzeschléisen den sou beim IFC ausgeschriwe woor: Ausarbeitung eines schuleigenen Lehrplans im Kompetenzbereich "Bewegen im Wasser" für die Zyklen 1 und 2" Dën Hären Claude Scheuer a Norbert Ruschel een décke Merci fir déi ganz praxisnoo, "sprëtzig" an intressant Formatioun mat där ët aïs hoffentlich gelengt alle Kanner aus eiser Schoul d'Angst, sou wäit do, viraam Element Waasser ze huällen, an hinnen déi néidig Grondlagen noom Prinzip van dën 3 L: Lernen - Leisten - Lachen ze liwweren, fir sou mat Freed kënne Schwammen ze léiren an déi an dëm folgenden PDF beschriwe Kompetenzen aus dëm Lehrplan ze erreechen. ![]() |