Dënschdeg, 4. November 2025

Cycle 4


Schivakanz vam Cycle 4.1.

2015-12-17

Vam 12. Dezember bis zum 18. Dezember mëcht eise ganze Cycle 4.1. am Ahrntal, um südliche Fouss van dën Zillertaler Alpen, eng Schivakanz.

A Begleedung vam Léierpersonal an enger Reih Schimoniteuren wëllen d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. an dëser Vakanz d'Biärgwelt am Ahrntal op 2 Breeder erkunden.

Wee well bësse wëll raschnupperen wou d'Kanner am Ahrntal aquartéiërt giän a wéi d'Gegend hei ausgesäit, dee kann dee folgende Link opmaën!

Op dëser Säit haale mër eech ab dem 12. Dezember um Loofenden iwer eis Fortschrëtter am Schifaahren.
Schivakanz am Ahrntal 2015



D'Schoul um Kiemel bedeeligt sich den 21. an 22. November aam Bazar vam Foyer Eislécker Heem

2015-11-21

Wéi üblich bedeeligt sich d'Schoul Um Kiemel o dëst Joor rëm um Bazar vam Foyer Eislécker Heem va Lëlljen. An deene leste Schoulwochen an Deeg gouf fläissig gebastelt a gebaak, sou dat d'Schoulkanner o dëst Joor rëm kënne mathëllefen duurch de Verkoof van hiren Artiklen Suën fir d'Projetën vam Eislécker Heem kannen anzespillen.

Wee méi iwert de Bazar wëllt wossen kann dë Flyer am folgende PDF opmaën.

Mër free'ën äis lo well op Äre Besouch zu Lëlljen, wou Dër Äre Kanner hir Basteleiën kënnt kucken a viraan allem kënnt koofen.
 Bazar.pdf (1.17 MiB)



756 € fir de "Soleil dans la main"

2015-10-19

Ee Samsdig, den 17. Oktober han d'Kanner aus dëm Cycle 4 van 2014-2015 ee Scheck an dër Héicht van 756 € aan de Soleil dans la main iwerreecht.

Am folgende PDF fand Dër de Remerciment vam "Soleil dans la main" aan d'Eltren an d'Kanner vam Cycle 4.2 (Joorgang 2014-2015) , déi gelegentlich van hirëm Aafschlossfest am Juli een Don an dër Héicht van 756 € gemaat han.

Gläichzäitig gët ët o na paar Photoën zu Projets vam Soleil an eng Photo van dër Scheckiwerreechung ze kucken.



Dës Kanner verlossen dëst Joor eis Schoul um Kiemel

2015-07-13

D'Schouljoor 2014-2015 geet op een Enn an d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. maën sich prett fir eis Schoul um Kiemel zu Wëntger ze verlossen.

Am Anhang d'Photoën van deenen 3 Klassen aus dëm Cycle 4.2.

Eech all wënsche mër well lo vill Spaass an Erfollig op ärem neië Liäwensaafschnëtt!!!



Photoën zum Summerfest 2015

2015-07-13

Wéi aagekënnigt gouf eist Summerfest dëst Joor fregdes, den 10.Juli aafgehaal. Van 8.00 Auer bis 16.00 Auer konnten d'Kanner déi eenzel Spiller an Ateliersform beséichen. Ab 16.30 Auër stungen dunn Präsentatiounen van deenen eenzelne Cyclen am Amphi um Programm, är d'Kanner dunn fräi an dën Ateliers konnten zirkuléiren.

Op engem sonnigen Daag stung dën dräi Organisateuren EV, MR an Schoul näischt an de Féiss, fir dat dëst Fest een Erfollig konnt giän.
Déi folgend Photoën, op deenen durchwee zefridde Gesiichter ze gesin sën, sën sëcherlich dee beste Beweis dofiir, dat Grouss a Kleng sich gudd ameséiërt han op eisem Summerfest.

Vill Spaass beim Kucken van de Biller!




Eischt Viregt Nächst Lescht