Freideg, 2. Mee 2025

Cycle 4


Soirée française den 19.06. 2015

2015-06-19

D'Kanner aus dëm Cycle 4.2 han hockt hir Eltren, Frënn an Bekannten op eng Soirée française am Centre culturel invitéiërt.
Mam Erléis van dëser Soirée finanzéiren sie den 25. an 26. Juni 2015 hir Rees op Paräis.

Hein na d'Invitatioun van de Kanner



Bilan vam Lernfest aus dër Siicht van eiser Schoul

2015-06-17

D'Lernfest van dër Landakademie, daat dëst Joor zu Wëntger aafgehaale gouf, ass riwer.
Eis "Schoul um Kiemel" haat an Zesaamenaarbicht mam NORTIC jo o mat engem Stand zum Thema Geocaching matgemaat.

Dëm Jaagdsyndikat van der Sektioun Cliärrëf seet eis Schoul dann o na ee ganz besonnische Merci.
Gelegentlich vam Lernfest han d'Vertreter vam Jaagdsyndikat eiser Schoul nämlich ee "LERNKOFFER zum Thema Natur" iwerreecht, dee lo ëmmer dann an dën Asatz wärt kommen wann eis Kanner zeaamen mat hirëm Léierpersonal d'Natur wëllen mat Leiw a Séil entdecken.

Am folgende PDF zéië mër lo eise Bilan zum Fest waat dën Atelier Geocaching aageet:

Vill Spaass beim Liäsen!

Photoën zum Aafloof vam ganzen Daag fand Dër am Link hei drënner:

Vill Spaass beim Rakucken:



De Cycle 4.2. seet Merci

2015-06-15

All dën Eltren a soss Besucher, déi hiren Auto gelegentlich van dër Carwash-Aktioun van eise Kanner aus dëm Cycle 4.2. wäsche geloss han an o na paar Sou an dër Kaffisstuff hänke geloss han, seet dë Cycle 4.2. van dëser Platz aus Merci.

Op dës Art a Weis konnte +/- 1.250 € agespillt giän, déi de Cycle 4.2. lo bei hire Budget fir dën Ausflug op Paräis kann derbäi lee'ën.

Am Link hei drënner fand dër dann eng Partie Photoën van dëser Aktioun:



Carwash zu Wëntger, den 6.Juni 2015

2015-06-03

Fir hiren Ausflug op Paräis ze finanzéiren start de Cycle 4.2. ee Samsig, den 6. Jun,i rëm eng Carwashaktioun zu Wëntger beim Pomjeesbau.

Méi Infoën fand Dër an dër Affiche hei drënner.



Aktioun: Journées du livre

2015-05-20

Am Kader van de „Journées du livre et du droit d’auteur“, déi vam 22. - 25. Abrëll 2015 an dë Schoulen aafgehaal goufen hat dë Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse dës Aktioun an de Grondschoulen lancéiërt.

„Engersäits kann ee mat Bicher op d‘Rees goen. Et kann een se iwwerall mathuelen.
Anerersäits kann een duerch Bicher aner Länner, Sproochen, Landschaften a Kulture kenne léieren, seng Fantasie spille loossen, ganz nei Welten entdecken, iwwer Ënnerscheeder staunen.
Vill Bicher – Literatur a Sachbicher – erziele vum Reesen : Reesbicher, Reesberichter vun Entdecker oder einfache Persounen déi reesen, en Atlas,….
Reesen heescht och Migratiounen (Vëlkerwanderungen, Aus- an Awanderungen, Flüchtlingswellen,…).

Eis Schoul haat o mat engem Projet matgemaat.
D'Vanessa Staudt an de Roland Meyer, deen dëst Joor sougaar de "Prix de la fondation Servais" gewonn hat, wooren an eis Schoul Um Kiemel komm fir aus hire Béicher virzeliäsen an fir dë Kanner dë "Berouf vam Schrëftsteller" bësse méi noo ze brengen.

Am Anhang fand Dër Dokumenter zu dësen Virliäsdeeg.

Zu dëm Vanessa Staudt sengem Bouch "De Kroumpernéckel" han d'Kanner aus dëm Cycle 2 B dann sougaar eng Fortsetzung geschriwen, déi dër als Webbook hei fand:

KROUMPERNECKEL _Suite






Eischt Viregt Nächst Lescht