Cycle 2
Ouverture aux langues
2016-02-25An enger Formatioun, déi schoulintern den 25.2. 2016 zum Thema "Ouverture aux langues an Sac d'histoires" gehaale gouf, kruute mër folgend Brochure a folgende Film van dë Formatricen Jeanne Letsch, inspectrice, Anne-Marie Antony, documentaliste, MENJE an Angélique Quintus, institutrice, recommandéiërt. Heimat kann een sich ee praxisorientéiërten Iwerbléck verschaafen waat mat deenen zwee uäwe genannte Begrëffer gemengt ass.
An dën INTERNA kann d'Léierpersonal aus eiser Schoul ënner dësem Link Ouverture aux langues Sac d'histoires na wegder Infoë fannen.
Vill Spaass beim Raliäsen a Rakucken:
Faasicht an dër Schoul 2016
2016-02-05An der Galerie hei drënner fand dër Photoën zur Faasicht 2016 an dër Schoul um Kiemel.
» Galerie

Om Bauerenhaff zu Reiler
2015-12-30Am Kader van der Woch van der Mëllich ass eis Klass (2.1.C) Dasdes den 15. Dezember ob Reiler ob den Bauerenhaff van der Famill Schlechter gefaren. Do kruten mer all Informatiounen iwwert Mëllichvéih an o iwwert Mëllichproduktioun. Et woer engt Léieren matt allen Sënner. Mer duäreften richen, schmaachen, stréilen...Zum Schluss guff et dunn na lecker Mëllich ze schmaachen. Schoulkanner woren begeestert (ewéi een ob de Fotoen gesäit) a mer soën der Famill Schlechter villmols Merci datt sie eis ëmpfungen hatt.
» Galerie
Generalprouw vam Krëppespill "Stäre-Stonnen"
2015-12-18Wéi all Joors hat eis Reliounsjoffer Hoffmann Christiane o dëst Joor rëm engt Krëppespill mat intresséierte Kanner aus deene verschiddene Cyclen op d'Bee gestalt. Dëst Joor stung d'Krëppespill ënnert dem Motto "Stäre-Stonnen".
Op dër Bühn konnt ee feststellen, dat d'Kanner hir Roll, vam klenge Schoof, iwert divers Stären bis hën zum David, gudd astudéiërt haaten an hirt Best giän han fir hir Alterskollegen am Sall mat hirëm Spill matzerappen.
Sie han sich verdingterweis dann o vill Applaus ageheimst an am Schluss hat dee ganze Sall mat "gerockt" beim Aafschlossligd "Let it shine".
Wee lo intresséiërt ass daat ganzt Krëppespill live an a Faarw matzeerliäwen, ass den 24. Dezember 2015 härzlich op BOXER an d'Kiirch invitéiërt, wou d'Kanner um 17.00 Auër dann o viraan "groussem" Publikum spillen.
Noom Krëppespill ass dann na eng Kannersegnung an da kannen d'Famillen dono Hällgerowend doheem am klengen oder grousse Krees begoën!
D'Schoul um Kiemel wënscht eech all besënnlich an erholsam Feierdeeg an da gesi mër äis all gesond a monter a gudd erholt am neië Joor rëm!
» Galerie

Neiigkeeten aus dëm Cycle 2
2015-12-17Ënnert deene folgende Linken kommt dër direkt op nei Säiten, déi an deene leste Wochen am Cycle 2 produzéiërt goufen.
Webbook_2.2.A_Pick, Pick, Picknick
Storyboard_2.2.B_Pick Pick Picknick
Der kleine Igel und die rote Mütze
Elfchen zu Weihnachten
Le français au cycle 2
Mat Kanner philosophéiren: MORALE am Cycle 2
Der Beruf des Elektrikers