![]() | Om Bauerenhaff zu Reiler2015-12-30Am Kader van der Woch van der Mëllich ass eis Klass (2.1.C) Dasdes den 15. Dezember ob Reiler ob den Bauerenhaff van der Famill Schlechter gefaren. Do kruten mer all Informatiounen iwwert Mëllichvéih an o iwwert Mëllichproduktioun. Et woer engt Léieren matt allen Sënner. Mer duäreften richen, schmaachen, stréilen...Zum Schluss guff et dunn na lecker Mëllich ze schmaachen. Schoulkanner woren begeestert (ewéi een ob de Fotoen gesäit) a mer soën der Famill Schlechter villmols Merci datt sie eis ëmpfungen hatt. » Galerie |