Freideg, 2. Mee 2025

Gudde Kascht fir ee gudden Zweck!

2020-11-12

Langweil am Confinement? Nee sot sech de fënnef Joer jonken Aron Marbes an huet zesumme mat sengen Elteren e Kachbuch erstallt.

Den Aron oder och nach de "verdreemte Kichechef“ war d’letzt Joer an der Spillschoul an der Villa Reebou zu Wëntger an ass elo am Cycle 2.1.

Dat wat den Aron a sengem flotte Kachbuch presentéiert huet, huet vill Leit dozou bruecht fir déi Rezepter nozekachen.

Am Ganze sinn duerch de Verkaf 1.550 Euro zesumme komm. Den Erléis huet den Aron der ONG „Le soleil dans la Main“ gespent. Esou huet hie gehollef dat och d'Kanner am Burkina Faso kënnen an d'Schoul goen, an wien weess, villäicht och si engesdags en Kachbuch mat Spezialitéiten aus hirer Kiche schreiwen.

Et si nach Bicher op Franséisch ze kréien an déi kënnen ënnert verdreemte.chef@gmail.com oder op Facebook Verdreemte Chef bestallt ginn.